Am Cyclissem gouf zu Paräis déi 112. Editioun vum Tour de France presentéiert
De Grand Depart ass d‘nächst Joer de 5. Juli zu Lille. D‘Arrivée ass no 3.320 Kilometer dann dës Kéier nees zu Paräis.
Et ginn zwee Contre-la-Montre, dovun een am Bierg. Siwen Arrivéeën sinn op engem Sommet. Op der 16. Etapp ass d‘Arrivée um Mont Ventoux.
Bei den Dammen war et d‘Presentatioun vun der 4. Editioun vum Tour de France Femme. D‘nächst Editioun geet iwwer néng Deeg, dat ass een Dag méi wéi dëst Joer. De Grand Depart ass den 26. Juli zu Vannes an der Bretagne. No 1.165 Kilometer ass d‘Arrivée zu Châtel an der Haute-Savoie. Ënnert anerem steet och de Col de la Madeleine um zweetleschten Dag um Programm.
Am Detail
Den Ufank huet den Tour Parcours vun den Damme gemaach. De Grand Depart vun der Course ass an der Bretagne, am Ganze sinn néng Etappen ze fueren, dat ass een Dag méi ewéi dëst Joer. Déi éischt Etapp geet vu Vannes op Plumelec. Déi éischt zwee Deeg si fir d`Klassiker-Spezialistinne mat hiwwelegen Etappen. Um drëtten a véierten. Dag kéinten d'Sprinterinnen op hir Käschte kommen. Spéitstens op der siwter Etapp dierft et zu enger Virentscheedung kommen. Am Massif de la Chartreuse tëscht Bourg-en-Bresse a Chambéry sinn eng ganz Rei Coinen ze fueren. D`Arrivée um Col de la Madelaine den Dag drop an de Col de Joux - Plane de leschten Dag ronnen e schwéieren Ofschloss vum Tour vun den Dammen of. D'Arrivée um leschten Dag zu Châtel les Portes du Solei ass, do wou de Bob Jungels am Joer 2022 déi 9. Etapp vum Tour gewonnen hat. Am Ganze sinn iwwer déi néng Etappen 1.165 Kilometer a 17.240 Héichtemeter ze fueren. Den Tour vun den Dammen gëtt vum 26. Juli bis den 3. August gefuer.

Bei de Männer gëtt et eng Editioun, déi fir d'éischt zanter dräi Joer nees komplett duerch Frankräich geet. Zu Lille am Departement du Nord ass den Depart vun der 112. Editioun vum Tour de 5. Juli. Déi éischt Etapp dierfte ganz am Zeeche vun de Sprinter stoen. Den Dag drop mat der Arrivée zu Boulogne - sur - Mer kéint de Maillot Jaune awer schonn nees d'Schëllere wiesselen, dat mat dräi Koppen an de leschte Kilometer. Dat éischt Zäitfuere steet op der 5. Etapp zu Caen um Programm. Op engem flaache Parcours iwwer 33 Kilometer si d'Spezialiste gefrot. Op der siwter Etapp geet et vu Saint -Malo op Mûr - de - Bretagne. Am Joer 2021 hat de Mathieu Van der Poel hei d'Etapp gewonnen an domat säi verstuerwene Grousspapp Raymond Poulidor geéiert. No enger schwéierer Etapp duerch de Parc Naturel des Volcans d'Auvergne geet et an d'Pyrenäen. Do steet op der 13. Etapp dat zweet Zäitfueren um Programm. Iwwer eelef Kilometer geet et vu Loudenvielle op Peyragudes, op deenen aacht leschte Kilometer geet et biergop. Um 16. Dag ass de Retour vum Géant de la Provence, dem Mont Ventoux. 2021 war et beim leschte Passage eng Victoire fir de Wout Van Aert, dee sech aus de Echappée eraus konnt duerchsetzen,d'Arrivée war deemools zu Malaucène. Dono stinn nach zwou schwéier Etappen an den Alpen um Programm. Déi éischt mat der Arrivée zu Courchevel an den Dag drop op der 19. Etapp zu La Plagne. Déi lescht Etapp gëtt de 27. Juli 2025 nees wéi gewinnt zu Paräis gefuer.
