Schreiber a Bettendorff an der Favoritteroll
E Sonndeg ginn zu Zéisseng um Circuit Josy Mersch déi national Championen am Cyclocross gesicht.
Deen 3,1 Kilometer laange Parcours ass ënner normale Konditioune gutt ze fueren. De ville Reen aus de leschte Wochen huet awer dozou bäigedroen, datt dee ganz déif a schwéier ginn ass. Déi vill Spueren, déi duerch den Training drakomm sinn, riskéieren, elo mat de kalen Temperaturen déi gemellt sinn, ze fréieren. An deem Fall géif et méi séier awer och ganz technesch ginn.
Marie Schreiber grouss Favoritin bei den Dammen
An der Dammecourse geet d'Marie Schreiber als grouss Favoritin un den Depart. D'lescht Joer hat si zu Hesper hiren zweeten Titel bei der Elite gewonnen. Dëse Wanter konnt si am rout-wäiss-bloe Maillot de Weltcup zu Hulst op eng iwwerzeegend Aart a Weis gewannen an huet sech domat als éischte Lëtzebuerger Cyclocross-Weltcup-Gewënnerin iwwerhaapt an d'Geschichtsbicher agedroen. Konkurrenz kritt d'Marie Schreiber vum Nina Berton an dem Maïté Barthels.
Och d'Espoirs-Dammecourse versprécht interessant ze ginn. D'Liv Wenzel, d'Gwen Nothum an d'Layla Barthels dierften hei op den éischte Plazen ze fanne sinn.
Bei de Masters kéint d'Suzie Godart e weideren Titel gewannen.
Loïc Bettendorff liicht favoriséiert bei den Hären
Bei de Männer geet de Loïc Bettendorff liicht favoriséiert an d'Course. Am November hat hien op deem selwechte Parcours seng Konkurrenten deklasséiert. Mat senger Kraaft aus der Stroossesaison wousst de Champion vum leschte Joer z'iwwerzeegen. Seng Konkurrenten ëm den Titel heesche Raphaël Kockelmann a Ken Conter. D'Course geet e Sonndeg iwwer 60 Minutten a gëtt eng Minutt virun den Espoire gestart.
Bei den Espoirs-Hären, déi 50 Minutten ze fueren hunn, kéint et zu engem Duell tëscht dem Mil Morang an dem Mathieu Kockelmann kommen. De Mil Morang war zu Hesper dee Beschten, e puer Deeg virdru beim internationale Cross zu Péiteng konnt de Mathieu Kockelmann awer iwwerzeegen. Den Noa Berton an de Rick Meylender kéinten deenen zwee awer e Stréch duerch d'Rechnung maachen. Bei de Masters war de Claude Wolter bei der Generalprouf zu Hesper dee Beschten. Mam Tommy Arnoldy, Marc Rolf Indergand an Olivier Paderhuber huet hien zolidd Konkurrenz.
Nowuesskategorien
Bei de Junior-Damme gëtt den Titel tëscht dem Kylie Bintz an dem Elena Lopes decidéiert. Bei de Junioren ass de Lennox Papi, nodeems hien déi meescht Crossen hei am Land gewonnen huet, dee Coureur, deen et ze packe gëllt. De Jonah Flammang-Lies ass deen eenzegen, deen hie bei engem regionale Cross konnt klappen. Den Dippecher kéint e Sonndeg zesumme mam Yannis Lang aus dem Atertdaul dem Lennox Papi säi geféierlechste Géigner ginn.
Bei den Débutants kommen e puer Coureure fir den Titel a Fro. De Champion vum leschte Joer, de Ben Koenig, kritt hei Konkurrenz vum Tun Sinner, Dave Cichy an enger ganzer Rei anere Coureuren, déi op engem gudden Dag fir eng Iwwerraschung kënne suergen. Bei den Débutants-Meedercher ass d'June Nothum liicht favoriséiert, hir Konkurrentinnen heeschen Amy Breuer, Chiara Christen a Sarah Koenig.
Navette fir d'Spectateuren
E Sonndeg ginn déi éischt Courssen um 11.00 Auer gefuer. Et ass d'Masters-Kategorie, déi den Optakt mécht.
Fir e Sonndeg huet den Zéissenger Veräin eng Navette organiséiert, fir d'Zuschauer op de Parcours ze bréngen. D'Navette fiert de Parking Foyer an der Zone Am Bann an d'Parkingen CDCL a La Provençale an der Zone Grasbusch un. All d'Detailer iwwer d'Navetten a weider Informatiounen zu de Coursse fannt Dir am Guide Technique.
Net dat éischt Championnat zu Zéisseng um Circuit Josy Mersch
Et ass fir déi 3. Kéier, datt dat nationaalt Championnat am Cyclocross um Circuit Josy Mersch zu Zéisseng gefuer gëtt. De Parcours gouf am Januar 1999 ageweit. De Josy Mersch gouf den 21. Mäerz 1912 zu Diddeleng gebuer an ass den 18. Februar 2004 an der Stad gestuerwen. De Cyclocross-Spezialist war tëscht 1934 an 1936 Profi a konnt de Lëtzebuerger Championstitel 3 Mol gewannen. De Josy Mersch huet och de Critérium International du Cyclo-Cross gewonnen, eng Course, déi fréier als Weltmeeschterschaft bezeechent gouf.

1999 war den Titel zu Zéisseng fir de Kim Kirchen. Op engem zum Deel nach gefrueren Terrain konnt hie sech virum Steve Fogen an dem Tom Flammang duerchsetzen. Bei den Damme war den Titel 1999 fir d'Suzie Godart.
2014 ass d'Championnat zu Zéisseng am déiwe Bulli gefuer ginn. De Christian Helmig war iwwer déi ganz Saison ewech dominant a konnt sech den Titel fir déi zweete Kéier hannertenee sécheren. Am ganzen huet den Helmig véier Titele bei der Elite gewonnen. D'Christine Majerus konnt sech bei den Dammen den Titel virun eegenem Public sécheren. Tëscht 2010 an 2022 war si all Joer a Rout-Wäiss-Blo.