Marie Schreiber a Loïc Bettendorff sinn nei Lëtzebuerger Championen

© Roland Miny
E Sonndeg gouf zu Zéisseng den nationale Championnat am Cyclocross gefuer.
Dammen
Bei den Damme konnt sech d'Marie Schreiber hiren 3.Titel bei der Elite sécheren. Déi grouss Favoritin op den Titel konnt sech vun Ufank un ofsetzen a kloer virum Nina Berton an dem Maïté Barthels gewannen.
Bei den Espoirs Damme geet d'Victoire un d'Liv Wenzel. D'Plazen Zwee an Dräi ware fir d'Gwen Nothum an d'Layla Barthels.
Bei de Juniorinne konnt sech d'Kylie Bintz virum Elena Lopes duerchsetzen.
Den Titel bei de Masters Dammen war fir d'Suzie Godart virum Melanie Wunsch.
Bei den Debutants Dammen konnt sech d'June Nothum virum Chiara Christen an dem Amy Breuer behaapten.
Hären
Loïc Bettendorff heescht den neie Champion am Cyclocross bei der Elite. De Coureur, dee beim CT Aterdaul lizenzéiert ass, konnt sech no iwwer enger Stonn Course kloer duerchsetzen. An den éischten Tier hat hien nach Gesellschaft vum Espoir Mathieu Kockelmann, duerno war hie laang eleng ënnerwee. D'Elite Course ass no 7 Tir op en Enn gaangen. Hannert dem Loïc Bettendorff war et de Raphaël Kockelmann deen sech als 2. konnte klasséieren. De Ken Conter huet sech déi 3. Plaz geséchert.
De Mathieu Kockelmann konnt sech dann den Titel bei den Espoire sécheren. De Mil Morang an de Noa Berton hunn sech do hannendrun op de Plazen 2 an 3 klasséiert.
Bei de Juniore gewënnt de Jonah Flammang Lies no enger ganz spannender Course virum Lennox Papi. Béid Coureuren hunn sech iwwer déi ganz Course e spannend Duell geliwwert, d'Entscheedung zu Gonschte vum Dippecher ass op de leschte Meter gefall. De Lenn Schmitz konnt sech déi 3. Plaz sécheren.

De Podium vun de Junioren. / © Roland Miny
Den Titel bei de Masters war fir den Oli Paderhuber. An engem interessanten Dräikampf konnt hien sech virum Claude Wolter an dem Tommy Arnoldy duerchsetzen.
Bei den Débutants vun den Häre konnt sech den Tun Sinner behaapten. De Coureur vum Team Toproad Réiserbann war méi staart wéi säi Coequiper Dave Cichy. Hei war déi 3. Plaz fir de Yannis Molter.

De Podium vun den Debutanten. / © Roland Miny