E Sonndeg weise mir Iech d'Course vun den Dammen zu Hoogeheide an Holland live vun 13.35 Auer un. Et kommentéieren de Rich Simon an d'Christine Majerus.

Den nächste Weekend ginn zu Liévin am Norde vu Frankräich déi néi Weltmeeschteren am Cyclocross gesicht. D'Marie Schreiber geet sonndes bei der Course vun den Espoir-Dammen un den Depart. Och déi kënnt Dir live bei eis kucken.

Do virdru stinn awer nach zwou Weltcup-Courssen um Programm. E Samschdeg huet d'Elite vum internationale Cyclocross Rendez-vous zu Massmechelen an der Belsch an e Sonndeg ass d'Course zu Hoogeheide an Holland.

No hirer 3. Plaz zu Benidorm de leschte Weekend huet sech d'Marie Schreiber am Weltcup-Ranking nees no vir geschafft. D'Lëtzebuerger Championne ass am mat der Elite gemëschte Generalklassement op der 4. Plaz. Bei der U23 ass si déi 2. hannert dem Zoe Backstedt an huet e Retard vu 6 Punkten op hir Brittesch Konkurrentin.

D'lescht Joer war déi 21 Joer al Sportlerin zu Hoogerheide op déi gutt 5. Plaz gefuer. Wat ass dëst Joer méiglech? Kuckt hei nach eemol de Reportage vum leschte Joer.