E Samschdeg ass zu Maasmechelen an der Belsch deen zweetleschte Weltcup vun der Cyclocross-Saison gefuer ginn.

D'Marie Schreiber konnt e Samschdeg bei der 10. Manche vum Cyclocross-Weltcup net ganz vir matfueren. D'Lëtzebuergerin hat kee perfekte Start a gouf am 2. Tour duerch en technesche Probleem ausgebremst. Nom Materialposte krut d'Marie Schreiber e Platten, huet doduerch vill Zäit verluer an ass aus den Top15 erausgefall. Déi 21 Joer al Sportlerin huet duerno awer keng Zäit méi op d'Spëtzt verluer a konnt sech nees no vir schaffen. Um Enn ass et déi 9. Plaz fir d'Marie Schreiber, dat mat engem Retard vun 2 Minutten an 3 Sekonnen op hir Coequipière Blanka Vas. D'Ungarin huet sech knapp virum Zoe Backstedt aus Groussbritannien an dem Lucinda Brand (+12 Sekonnen) aus Holland behaapt.

Duerch d'Resultat um Samschdeg huet d'Marie Schreiber kaum nach Chancen op d'Victoire vum U23-Weltcup. Si läit elo 19 Punkten hannert dem Backstedt. Dëse Retard dierft kaum nach e Sonndeg beim leschte Cyclocross-Weltcup opzehuele sinn.

RTL

De Podium vun den Espoir-Dammen / © AFP

D'Top10 vun den Dammen

1 VAS Blanka Kata 48:58
2 BACKSTEDT Zoe 0:01
3 BRAND Lucinda Baloise Glowi Lions 0:12
4 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck 0:28
5 ALVARADO Ceylin Del Carmen Fenix-Deceuninck 1:17
6 VAN EMPEL Fem Visma-Lease a Bike 1:23
7 BAKKER Manon Crelan - Corendon 1:38
8 VAN DER HEIJDEN Inge Crelan - Corendon 1:45
9 SCHREIBER Marie 2:03
10 CASASOLA Sara Crelan - Corendon 2:04
...
44 BARTHELS Maité 8:02
60 BARTHELS Layla 10:02

Victoire fir de Mathieu van der Poel bei den Hären

Bei den Hären huet sech e Samschdeg den Hollänner Mathieu van der Poel d'Victoire geséchert. Hien hat eng Avance vun enger Minutt a 14 Sekonnen op de Belsch Wout van Aert. Den Hollänner Joris Nieuwenhuis ass den Drëtte ginn op eng Minutt an 53 Sekonnen.

De van Aert huet sech ze vill Feeler geleescht, sou datt hien den Uschloss un de van der Poel net konnt halen.

D'Top10 vun den Hären

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Deceuninck 57:51
2 VAN AERT Wout Visma-Lease a Bike 1:14
3 NIEUWENHUIS Joris Ridley Racing Team 1:53
4 WYSEURE Joran Crelan - Corendon 2:05
5 AERTS Toon Deschacht - Hens - FSP 2:16
6 VANTHOURENHOUT Michael Pauwels Sauzen - Cibel Clementines 2:54
7 VAN DER HAAR Lars Baloise Glowi Lions 3:12
8 SWEECK Laurens Crelan - Corendon 3:24
9 KUHN Kevin Charles Liégeois Roastery CX 3:36
10 MEIN Thomas Hope Factory Racing 3:37