En Donneschdegmëtteg hat sech déi Lëtzebuerger Delegatioun op de Wee Richtung Liévin am Norde vu Frankräich gemaach.

Vun e Freideg un a bis e Sonndeg stinn d`Weltmeeschterschaften op engem selektive Parcours am Departement Pas-de-Calais, eng Ronn 330 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, um Programm. Nieft dem Marie Schreiber sinn nach d'Juniore Lennox Papi a Jonah Flammang Lies am Asaz. D'Coursse vun den FSCL-Sportler sinn allebéid e Sonndeg. Déi vun den U23-Damme kënnt Dir e Sonndeg vun 13 Auer u Live um 1. RTL an op RTL.lu am Stream kucken. D'Course vun de Junioren ass e Sonndeg de Moien um 11.05 Auer. E Freidegmoien um 10 Auer hat déi Lëtzebuerger Selektioun d'Chance, de Parcours ze testen. E Samschdeg geet et nach eemol fir en Training op d'Strooss ier um Sonndeg d'Coursse gefuer ginn.

RTL

© Dany Papi

De Parcours zu Liévin ass selektiv a gouf extra fir dës Weltmeeschterschaften nach eemol ugepasst. Et huet ee probéiert, déi Plazen ze evitéieren, op deene jee no Wiederkonditiounen, extrem schwéier ze fuere gewiescht wier. An awer huet de ville Reen aus de leschten Deeg dem Terrain zougesat, mam Training an den éischte Coursse vun e Freideg, missten d'Konditioune sech nach verschlechteren. Fir de Weekend ass allerdéngs relativ dréche Wieder mat méi niddregen Temperature gemellt.

Déi verschidde Courssen:

Freideg, 31.01. 

Lass geet et schonn e Freideg mat engem Mixed Team Relay. Um 12.30 Auer stinn 10 Natiounen um Depart. D'Ekippe sinn aus 6 Sportlerinnen a Sportler zesummegesat, 3 Dammen an 3 Männer. 

Samschdeg 01.02.

E Samschdeg ginn dräi Titel verdeelt. Moies sinn d'Junior-Dammen am Asaz. Mat der Ënnerstëtzung vun hirem eegene Public kéinten déi dräi Franséisinne Lise Revol, Jeanne Duterne a Lison Desprez ëm den Titel matfueren.
Um 13.05 Auer ass den Depart vun der U23-Männer-Kategorie. Hei gëtt et mam Hollänner Tibor del Grosso ee grousse Favorit. Den Del Grosso huet déi ganz Saison dominéiert an de Weltcup fir sech entscheet. Schonn d'lescht Joer hat hien zu Tabor an Tschechien den Titel gewonnen.

Mëttes steet eng vun den interessantste Coursse vun dëser WM um Programm. Bei den Elite-Dammen erwaarde sech d'Experten en Duell tëscht der aktueller Weltmeeschterin Fem van Empel an hirer hollännescher Landsfra Lucinda Brand. Mat enger weiderer Hollännerin, dem Puck Pieterse an dem Blanka Vas aus Ungarn kréie si staark Konkurrenz.

Sonndeg 02.02.

Och e Sonndeg ginn dräi nei Weltmeeschter gesicht. Moies um 11.05 Auer sinn d'Junior-Männer un der Rei. Dës Kategorie ass staark besat an et kommen eng gutt 10 bis 12 Coureuren a Fro, déi um Enn jee no Dagesform kënne mat ëm den Titel fueren. Aus Lëtzebuerger Siicht hat de Lennox Papi leschte Weekend zu Hoogerheide an Holland mat enger staarker 25. Plaz iwwerzeegt. De Jonah Flammang Lies war 36. Fir béid Coureure war et dat bis elo beschte Resultat an engem Weltcup-Cross.

Um 13.05 Auer ass den Depart vun den U23-Dammen. D'Zoe Backstedt war déi leschte Wochen an enger ganz staarker Form a konnt de Weltcup an hirer Kategorie gewannen. Ier d'Backstedt dominéiert hat, war et d'Marie Schreiber, déi an hirer Kategorie déi bescht war. Beim Weltcup zu Hulst an Holland hat si souguer déi ganz Elite-Konkurrenz hannert sech gelooss, eppes wat dem Zoe Backstedt bis elo nach net gegléckt ass. Aus Frankräich sinn d'Europameeschterin Célia Gery an d'Amandine Muller staark anzeschätzen. Aus Kanada kann ee sech d'Isabelle Holmgren ganz vir erwaarden, dat selwecht zielt och fir d'Slovakin Viktória Chladonová an d'Hollännerin Leoni Bentveld.

An der Elite-Course vun de Männer am Nomëtteg kuckt alles op en eventuellt Duell tëscht dem Mathieu van der Poel an dem Wout van Aert. Den Hollänner van der Poel, kéint zu Liévin, fir déi 7. Kéier Weltmeeschter ginn an domat dem Belsch Eric de Vlaeminck säi Rekord egaléieren. Et ass dovunner auszegoen, datt de Belsch Van Aert, dee sengersäits bis elo dräimol Weltmeeschter war, op engem déiwen a schwéiere Parcours, dee Coureur ass, deen dem grousse Favorit d'Liewen am schwéierste ka maachen. Mat der Annonce vum van Aert, fir d'Weltmeeschterschaft wëlle kuerzfristeg a säi Programm ze huelen, hunn d'Organisateuren nach eemol däitlech méi Entréestickete verkaf. Fir e Sonndeg gi sech zu Liévin iwwer véierzeg dausend Spectateuren erwaart.

RTL