Dëse Weekend steet zu Liévin an Nordfrankräich d'Weltmeeschterschaft am Cyclocross um Programm. E Samschdeg war d'Course vun der Dammen-Elite.

D'Weltmeeschterschaften am Cyclocross lauden ëmmer  d'Enn vun der Saison an. Dëst Joer fannen d'Kompetitiounen am franséische Liévin am Val de Souchez statt.

D'Fem van Empel huet et fäerdegbruecht, dräi Mol hannerteneen de Weltmeeschtertitel ze gewannen. Et war awer net déi einfachst Course fir d'Hollännerin, déi sech laang un der Lucinda Brand d'Zänn ausgebass huet.

Vir hu sech vum Depart ewech déi dräi Hollännerinne Lucinda Brand, Fem van Empel a Puck Pieterse e Kapp-u-Kapp-Renne geliwwert. D'Pieterse gouf am drëtten Tour um knapp 3 Kilometer laange Parcours distanzéiert. D'Brand an d'van Empel hu sech bis zum Schluss näischt geschenkt. Op de leschte Meter ass der Lucinda Brand e Feeler ënnerlaf, firwat d'Fem van Empel mat enger Avance vun 18 Sekonnen iwwer d'Ligne d'arrivée gerullt ass. D'Puck Pieterse koum mat engem Retard vun 1:09 op de Podium.