Um Dag virum Start vu Paris-Nice huet de Fransous annoncéiert, datt hien net un den Depart wäert goen.

U sech war sech erwaart ginn, datt de Romain Bardet eng néngte Kéier bei der Etappecourse Paris-Nice géif matfueren. Hien hat jo scho méi fréi an der Saison annoncéiert, datt hien am Juni seng Vëlosschong un den Nol géif hänken.

Grond fir seng Annonce ass eng Blessure un der Schëller, déi de 34 Joer ale Coureur sech bei enger Chute wärend der Tour d'Algarve virun zwou Wochen zougezunn hat. Zwar war hie wärend der Woch bei zwou Dagescourssen um Depart, dat huet him awer éischter gewisen, datt seng Schëller aktuell nach net gutt ass.

Aktuell viséiert de Coureur vun der Ekipp Picnic, fir bei der Tour des Alpes un den Depart ze goen. Och stinn Léck-Baaschtnech-Léck esou wéi de Giro d'Italia um Programm vum Romain Bardet.

Paris-Nice kënnt der iwwregens vun e Sonndeg vu 14.05 Auer op der Tëlee an op RTL.lu live suivéieren.