Nodeem déi 6. Etapp wéinst de Wiederkonditiounen huet misse verkierzt ginn, sinn d'Coureure ronn 146 Kilometer ronderëm Berga gefuer.

D'Course war allerdéngs trotzdeem bis knapp 25 Kilometer virun der Arrivée neutraliséiert.

Um Enn huet de Quinn Simmons sech am Sprint déi virlescht Etapp geséchert. Hannert dem US-Amerikaner hunn et den Tschech Pavel Bittner an de Corbin Strong op de Podium gepackt.

De Michel Ries an de Mats Wenzel sinn als 69. respektiv 82. iwwer d'Zillinn gefuer, béid an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur.

Am General gouf et un der Spëtzt keng Changementer, soudass de Juan Ayuso weider virum Primoz Roglic an dem Enric Mas op der éischter Plaz läit.

Hei läit de Michel Ries mat engem Retard vu knapp 9 Minutten op Plaz 32, de Mats Wenzel ass den 93. mat engem Réckstand vu 45 Minutten an 19 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp 

1 SIMMONS Quinn Lidl - Trek 0:25:04
2 BITTNER Pavel Team Picnic PostNL ,,
3 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
4 FOLDAGER Anders Team Jayco AlUla ,,
5 VAN EETVELT Lennert Lotto ,,
6 VERNON Ethan Israel - Premier Tech ,,
7 VENDRAME Andrea Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
8 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 LAURANCE Axel INEOS Grenadiers ,,
10 MIQUEL Pau Equipo Kern Pharma ,,
...
69 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels ,,
82 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma ,,

De General

1 AYUSO Juan UAE Team Emirates - XRG 22:48:07
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:01
3 MAS Enric Movistar Team 0:21
4 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 0:22
5 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 0:28
6 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers 0:59
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
8 VAN EETVELT Lennert Lotto 1:10
9 YATES Simon Team Visma | Lease a Bike 1:14
10 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 1:27
...
32 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 8:59
93 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma 45:19