Den Ettelbrécker Veräin organiséiert d'Courssen zu Mäerzeg.

Op engem selektive Parcours, dee fir de Contre-la-montre an d'Stroossecourse dee selwechten ass, sti vun en Donneschdeg un déi verschidde Kategorien um Programm.

Favoritinne bei den Dammen

Am Zäitfuere vun den Damme geet d'Marie Schreiber als Favoritin un den Depart. Déi 22 Joer al Sportlerin aus der Ekipp SD Worx-Protime hat sech an der selwechter Disziplin bei de Spiller vun de klenge Länner géint d'Nina Berton behaapt. D'Nina Berton an d'Maîté Barthels hu grouss Chancen, fir mat op de Podium ze klammen. Bei den Espoir-Dammen ass d'Liv Wenzel favoriséiert. Berton a Schreiber ginn um 18.47 Auer respektiv 18.48 Auer un den Depart.

Favoritte bei de Männer

An der Elite-Course vun de Männer kann et en Donneschdeg den Owend richteg spannend ginn. De Champion vum leschte Joer, den Arthur Kluckers, kritt zolidd Konkurrenz. Jungels, Kirsch, Geniets, Ries, Wenzel a Bettendorff kënnen alleguer e Wuert ëm d'Podiumsplaze matschwätzen. An der Course vun der Elite ouni Kontrakt geet den Tim Diederich als Favorit an d'Course, och hei ass awer mat Spannung ze kucken, wien um Enn alles um Podium steet. Dat selwecht zielt fir d'Espoir-Kategorie. Hei hunn direkt e puer Coureuren d'Chance, fir sech ganz vir ze klasséieren. Fir d'Männer ass den éischten Depart um 19.01 Auer virgesinn. De Champion vun 2024, den Arthur Kluckers, fiert als leschten um 19.35 Auer vun der Startramp.

De Parcours

20 Kilometer ass de Parcours fir Haaptkategorië laang. Aus Mäerzeg eraus geet et iwwer Dellen op de Léierhaff a weider op Eschduerf. De Retour féiert d'Coureuren iwwer Mëtscheed Richtung Uewerfeelen zréck op Mäerzeg. Kuerz resuméiert, déi éischt 10 Kilometer geet et Biergaus, wann och net alt ze géi, fir zréck da Biergof.

Hei fannt Dir all d'Informatiounen iwwer d'Championnat 2025.
 
Hei d'Startzäite fir en Donneschdeg den Owend.
 
De Charel Meyers huet sech de Parcours ugekuckt.