Lorena Wiebes gewënnt och déi 4. Etapp am Sprint

© JULIEN DE ROSA / AFP
Op der 4. Etapp vum Tour de France Femmes goung et iwwer flaach 130,7 Kilometer vu Saumur op Poitiers.
Am Sprint war genau sou wéi e Méindeg d'Lorena Wiebes déi Séierst. D'Hollänerin am grénge Maillot vun der beschter Sprinterin konnt sech op en Neits virun der Leaderin am General, dem Marianne Vos, behaapten. D'Lara Gillespie koum op déi 3. Plaz.
Am General bleift alles onverännert. De Maillot Jaune behält d'Marianne Vos, dat mat enger Avance vun 12 Sekonnen op d'Lorena Wiebes an d'Kimberley Le Court Pienaar. Bei dëser Editioun vum Tour de France Femmes ass keng Lëtzebuergerin mat dobäi.
E Mëttwoch gëet op der 5. Etapp iwwer wallonnéiert 165,8 Kilometer vu Chasseneuil du Poitou op Guéret.
Top 10 vun der 4. Etapp
1 Wiebes Lorena Team SD Worx - Protime 2:54:11
2 Vos Marianne Team Visma | Lease a Bike ,,
3 Gillespie Lara UAE Team ADQ ,,
4 Jansen Eline VolkerWessels Cycling Team ,,
5 Dygert Chloé CANYON//SRAM zondacrypto ,,
6 Bossuyt Shari AG Insurance - Soudal Team ,,
7 Barbieri Rachele Team Picnic PostNL ,,
8 Zanetti Linda Uno-X Mobility ,,
9 González Alicia St Michel - Preference Home - Auber93 WE ,,
10 Van Dam Sarah CERATIZIT Pro Cycling Team ,,
Generalklassement
1 Vos Marianne Team Visma | Lease a Bike 11:13:11
2 Wiebes Lorena Team SD Worx - Protime 0:12
3 (Le Court) Pienaar Kimberley AG Insurance - Soudal Team ,,
4 Ferrand-Prévot Pauline Team Visma | Lease a Bike 0:18
5 Niewiadoma Katarzyna CANYON//SRAM zondacrypto 0:22
6 Vollering Demi FDJ - SUEZ 0:25
7 Van der Breggen Anna Team SD Worx - Protime 0:27
8 Pieterse Puck Fenix-Deceuninck ,,
9 Fisher-Black Niamh Lidl - Trek 0:31
10 Dygert Chloé CANYON//SRAM zondacrypto ,,