Den italieenesche Grimpeur konnt sech virum Jan Christen duerchsetzen. De Mats Wenzel huet duerch eng Echappée op sech opmierksam gemaach.

D'Een-Dages-Course ronderëm d'baskesch Stad San Sebastian gouf vum Giulio Ciccone gewonnen. Den 30 Joer alen Italieener hat op der Arrivée no 211 Kilometer eng Avance vun 9 Sekonnen op de Jan Christen aus der Schwäiz duerchsetzen. Den Ciccone beierft domat de Marc Hirschi, deen de Klassiker an Nordspuenien zejoert gewonnen hat. An den zwee Jore virdru konnt de Remco Evenepoel dës Course fir sech entscheeden. Fir den Ciccone war et déi éischt Participatioun no senger schwéierer Chute am Giro d'Italia am Mee.

Och de Mats Wenzel huet bei dëser Coure op sech opmierksam gemaach.

Kuerz nom offizielle Start gouf et vill Attacken, fir an d'Echappée ze kommen, an an enger dovu war de Mats Wenzel dobäi. De Lëtzebuerger konnt bei senger éischter Participatioun bei dësem Een-Dages-Klassiker bis 46 Kilometer virun der Arrivée mat den Ausräisser Jordan Labrosse a Luke Plapp mathalen, huet awer am zweetleschte Bierg mussen ofräisse loossen a gouf kuerz drop vum Peloton geschléckt. Um Enn koum hien op déi 77. Plaz (+ 8'54''). Mam Kevin Geniets a Michel Ries waren nach zwee weider Lëtzebuerger dobäi. Béid Coureuren hunn opginn.

D'Erklamme vum Erlaitz, dem zweetleschte Bierg, huet déi ganz Course duercherneegeheit. De Peloton krut d'Echappée agefaangen an et hu sech zwou Gruppe forméiert: den Isaac Del Torro an den Giulio Ciccone hunn et eleng probéiert, hannendru ware Leit wéi Primoz Roglic a Maxim van Gils.

Déi zwee Éischt kruten eng Avance tëscht 40 a 50 Sekonnen erausgefuer a goungen als Éischt an déi lescht Montée. D'Grupp ronderëm de Roglic koum ëmmer méi no, krut se awer net agefaangen. De Jan Christen huet sech aus dëser Grupp ofgesat a konnt op den Ciccone an den Del Torro opschléissen. Den Ciccone war als Éischten iwwer de Bierg a konnt sech an der Descente duerch technesch Feeler vum Christen kloer ofsetzen an d'Course fir sech entscheeden.

Klassement vun der Etapp

1 Ciccone Giulio 5:05:33
2 Christen Jan 0:09
3 Van Gils Maxim 0:19
4 Benoot Tiesj ''
5 del Toro Isaac ''
6 Powless Neilson ''
7 Plapp Luke 0:21
8 Scaroni Christian 1:09
9 Uijtdebroeks Cian 1:10
10 Meurisse Xandro 2:01
...
77 Wenzel Mats 8:54