Vum Knuedler goung et iwwer 152,8 km zréck an d'Stad fir eng spektakulär Arrivée um Fëschmaart. De Fransous hat um Enn vum laange Sprint déi beschte Been.

De Fransous, deen dëst Joer d'Tour of Britain gewonnen huet, hat fréi attackéiert an der Montée de Clausen, an huet dem Hollänner Marijn Van den Berg an dem Schwäizer Marc Hirschi keng Chance gelooss. Beschte Lëtzebuerger gëtt de Mats Wenzel, deen an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwert de Stréch fiert, a verpasst op Plaz 12 d'Top Ten nëmme knapps.

Tour de Luxembourg: 1. Etapp - leschte Kilometer am Replay
Romain Grégoire gewënnt um Fëschmaart

Eng ganz Partie Schwieregkeeten hunn d'Coureuren op der éischter Etapp vum Tour de Luxembourg erwaart. Pëtschent, Buerschent, Eschduerf an de Stafelter goung et erop, an um Enn huet virun der Arrivée um Fëschmaart och nach d'Montée de Clausen gewaart. An der Echappée vum Dag war de Lëtzebuerger Mil Morang bis zum Schluss dobäi. 11 Kilometer viru Schluss goufen hien an den Italiener Andrea Pietrobon vum Peloton agefaangen, just éiert et de Stafelter erop goung. De Lëtzebuerger gouf als "Most Combative Rider" vun der éischter Etapp ausgezeechent. Bis ënnen a Clausen hunn d'Favoritte versicht, sech sou gutt wéi méiglech ze placéieren, fir de Schlusssprint d'Montée vu Clausen erop op de Fëschmaart unzegoen.

Skoda Tour de Luxembourg - Romain Grégoire wënnt 1. Etapp (Resumé)
Vum Knuedler goung et iwwer 152,8 km zréck an d'Stad fir eng spektakulär Arrivée um Fëschmaart. De Fransous hat um Enn vum laange Sprint déi beschte Been.

20 Ekippen, dorënner 8 UCI WorldTeams, mat am Ganzen 119 Coureure sinn un den Depart. Nieft de villen internationale Stare si bei dëser 85. Editioun och zéng Lëtzebuerger um Depart:

Mats Wenzel, Michel Ries, de Champion Arthur Kluckers, Loïc Bettendorff, Mats Berns, Alexandre Kess, Mathieu Kockelmann, Mil Morang, Noé Ury an den Arno Wallenborn.

Kuckt hei d'Fotoe vum Depart an der Stad, a Presenz vum Grand-Duc Henri:

Kuerz virum Depart vum Skoda Tour de Luxembourg 2025
D'Fabienne Zwally huet beim Organisateur Benoît Theisen de Bols gefillt an och de Grand-Duc Henri war op der Plaz mat dobäi.

Resultat vun der 1. Etapp:

1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 3:40:45
2 VAN DEN BERG Marijn EF Education - EasyPost ''
3  HIRSCHI Marc Tudor Pro Cycling Team ''
4 VENDRAME Andrea Decathlon AG2R La Mondiale Team ''
5 DEL GROSSO Tibor Alpecin - Deceuninck ''
6 KRAGH ANDERSEN Søren Lidl - Trek ''
7 BALLABIO Giacomo Hrinkow Advarics ''
8 NARVÁEZ Jhonatan UAE Team Emirates - XRG ''
9 BURGAUDEAU Mathieu Team TotalEnergies ''
10 SKUJIŅŠ Toms Lidl - Trek ''
...
12 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma ''

Generalklassement:

1 Grégoire Romain Groupama - FDJ 3:40:35
2 van den Berg Marijn EF Education - EasyPost +0:04
3 Hirschi Marc Tudor Pro Cycling Team +0:06
4 Vendrame Andrea Decathlon AG2R La Mondiale Team +0:10
5 Del Grosso Tibor Alpecin - Deceuninck ''
6 Kragh Andersen Søren Lidl - Trek ''
7 Ballabio Giacomo Hrinkow Advarics ''
8 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG ''
9 Burgaudeau Mathieu Team TotalEnergies ''
10 Reinderink Pepijn Soudal Quick-Step ''
...
12 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma ''