
E Sonndeg gëtt zu Conter den internationale Cyclocross gefuer. Dës Course huet eng laang Traditioun a gouf déi éischt Kéier am Joer 1977 organiséiert. An der Course vun den Damme geet d'Marie Schreiber als Favorittin un den Depart. D'Lëtzebuerger Championne konnt 2021 an 2024 zu Conter gewannen an ass excellent an d'Saison gestart. Véier vun de fënnef Crossen, déi si gefuer ass, konnt si gewannen. Den Depart vun der Course vun den Dammen ass um 14:00 Auer.
An der Espoirs/Elite-Course vun de Männer kann ee gespaant si wéi sech de Lennox Papi aus der Affär zitt. De jonke Coureur ass ugangs der Saison op regionalem Plang net ze klappe gewiescht an huet Chancen op eng ganz gutt Placéierung.
Dat selwecht gëlt fir de Ben Fleming an der Course vun de Junioren, déi um 12:00 Auer gefuer gëtt. De Coureur vum SAF Zéisseng konnt sech an deenen éischten internationale Crossen am Ausland ëmmer gutt klasséieren a kritt eng zolidd Konkurrenz aus der Belsch.
Mam ville Reen aus de leschten Deeg kann ee sech op eng ganz schwéier Course zu Conter astellen. Den Depart vun der Espoirs/Elite-Kategorie ass um 15:15 Auer.