DëschtennisDe Maël van Dessel gewënnt déi éischt lëtzebuergesch Medail bei enger U21-EM

RTL Lëtzebuerg
Den Ament gëtt zu Cluj a Rumänien d'U21-Europameeschterschaft am Dëschtennis gespillt.
De Maël van Dessel ass de beschte Lëtzebuerger am Championnat.
© Val Wagner (Archiv)

Zesumme mat sengem engleschen Dubbelpartner Connor Green huet de Maël van Dessel sech Bronze am Dubbel geséchert an domat déi éischt Lëtzebuerger Medail jeemools bei enger U21-EM am Dëschtennis gewonnen.

Fir de Sprong an d'Finall war et de Mëtten net duergaangen. An der Halleffinall hu sech de van Dessel an de Green dem italieenesch-tierkeschen Duo Danilo Faso a Görkem Öçal no dräi ëmkämpfte Sätz mat 7:11, 10:12 an 9:11 misse geschloe ginn.

D'Schreiwes vun der FLTT.pdf

Back to Top
CIM LOGO