DëschtennisMaël van Dessel an Tom Scholtes verpasse 1/4-Finall zu Linz knapp

Jeff Birsens
D'Lëtzebuerger Duo Van Dessel/Scholtes huet et beim WTT-Tournoi an der Schwäiz bal bis an d'1/4-Finalle gepackt.
Fir d'FLTT-Selektioun war den Tournoi zu Linz e Samschdeg de Moien eriwwer.
© Emile Mentz (Archiv)

De Weekend waren eng Rei Lëtzebuerger Dëschtennisspiller beim WTT Feeder Linz am Asaz.

De Maël van Dessel an den Tom Scholtes hunn am Dubbel vun den Hären d'1/4-Finallen nëmme ganz knapp verpasst. An engem enke Match géint den den englesch-polneschen Duo Green/Zalewski gouf et no fënnef Sätz eng 2:3-Defaite.

Am Eenzel vun den Hären hat de Maël van Dessel et an d'Haaptfeld gepackt, wou dann awer géint de Favorit Darius Movileanu aus Rumänien bei engem 0:3 näischt ze huele war.

D'Sarah de Nutte hat sech e Freideg mat enger Victoire fir d'1/8-Finalle qualifizéiert, wou et e Samschdeg dann awer eng 0:3-Néierlag géint d'Süudkoreanerin Lee Seungeun gouf.

Am Mixed-Dubbel waren aus Lëtzebuerger Siicht d'Sarah de Nutte an de Maël van Dessel ugetrueden. Si konnte sech an den 1/8-Finalle mat 3:1 behaapten, waren dann an de 1/4-Finallen awer géint den Duo Zelinka/Puchovanova ouni Chance.

Back to Top
CIM LOGO