Mam Ken Diederich iwwert de Basket zu Lëtzebuerg

All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.
Dës Woch ass de Ken Diederich eisen Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.
Mam Basket-Nationaltrainer hunn de Franky Hippert an de Jeff Kettenmeyer iwwert déi nächst 2 Matcher géint Island an Kosovo geschwat.
Donieft ass et och ëm d'Suitte vum Championnat mam T71 Diddeleng gaangen a wéi hien d'Zukunft vum Lëtzebuerger Basket gesäit.
De Ken Diederich huet awer och iwwert seng aktiv Zäit mat de Championstitelen zu Konter an den Ënnerscheed vum Basket vu virun 20 Joer géintiwwer deem vun haut geschwat.
De komplette Podcast fannt Dir och op Spotify an iTunes.
Weider Episode vun "Drëtt Hallschent"
Episod 1 mam Laurent Schwartz iwwer Basket
Episod 2 mam Dany Scholten iwwer Handball
Episod 3 mam Fabio Marochi, dem President vum Progrès Nidderkuer
Episod 4 mam Rob Thillens iwwer seng 8 Joer als Sportkommissär
Episod 5 mam Dan Maas iwwert d'Organisatioun vun engem WTA-Tournoi
Episod 6 mam Ralph Diseviscourt iwwert säi 24-Stonne-Weltrekord
Episod 7 mam Dylan Pereira iwwert seng Saison am Porsche Supercup
Episod 8 mam Christian Wolfers iwwert de Motorsport
Episod 9 mam Anne Brasseur iwwer Sport, Schoul an d'Fifa
Episod 10 mam Bob Jungels iwwert eng komplizéiert Saison a seng Zukunft bei AG2R
