Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Sportminister Georges Engel.

Am Podcast ass dës Woch de Georges Engel eisen Invité. Mam Sportminister hu mer am Ufank vum Joer ëmmer eisen traditionelle Rendez-vous.

D'Sujeten dës Kéier ware nees breet gefächert. Et ass iwwert de Stellewäert vum Sport hei am Land gaangen, wou nieft dem Leeschtungssport, de Breedesport nach méi gefërdert soll ginn, awer och iwwert déi finanziell Hëllefe fir Veräiner a Federatiounen, déi solle weider an d'Luucht goen.

D'Finanzéierungsgesetz fir de Vëlodrom, deen op Munneref soll kommen, soll virun der Summervakanz nach duerch d'Chamber goen. Déi lescht Obstakele schénge geholl, fir datt de Sportlycée op Mamer kënnt. D'Relatioun tëscht dem Sportministere an dem COSL ass nees "ganz gutt", seet de Georges Engel.

Dem Sportminister schwieft eng Struktur vir, Pro-Sport nennt hien déi, wéi bei der Musek zum Beispill d'Ugda, fir iwwert esou e Wee de Veräiner professionell Trainer punktuell kënnen zur Verfügung ze stellen. De Projet vum Congé Sportif soll och an nächster Zukunft an d'Chamber.

De Projet vum ziville Statut fir Elittesportler ass awer e bësse méi komplex wéi geduecht, an et kéint doduerch nach e bësse méi laang daueren. Aus der Eneps, der Ecole nationale de l‘éducation physique et des sports, soll d‘Inaps ginn, d‘Institut, dat sech ëm d‘Formatioun an d‘Weiderbildung vun Trainer an awer och vum Léierpersonal an den Edcuateure soll këmmeren, wat den Domän vum Sport an der Beweegung ugeet.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 96: Georges Engel

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.