An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport-Talk” ass dës Woch de Futtballnationaltrainer Luc Holtz beim Sam Rickal op Besuch.

De Luc Holtz hat opgrond vun der Defaite géint Georgien am Nations-League-Playoff am Mäerz seng Schwieregkeeten, fir sech am Virfeld richteg op d'EM anzestëmmen. De Futtballnationaltrainer huet d'Europameeschterschaft am Endeffekt awer suivéiert a fënnt, datt Spuenien den EM-Titel verdéngt huet.

Donieft huet de Luc Holtz awer och iwwert d'Enttäuschungen, wéi och d'Iwwerraschungen vun der EM an iwwer déi nei Nations League, déi am September ufänkt, geschwat.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 160: Luc Holtz

Déi ganz Episod vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.