BundesligaGeckeg Victoire fir Elversberg, Dortmund wënnt géint Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet Bremen sech iwwerraschend däitlech géint RB Leipzig duerchgesat.
Elversberg gewënnt ee geckege Match géint Borussia Mönchengladbach.
Elversberg gewënnt ee geckege Match géint Borussia Mönchengladbach.
© DAVID INDERLIED / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Um 2. Spilldag vun der däitscher Bundesliga hunn d'Spectateuren an der Partie tëscht Hoffenheim an Dortmund eng éischt Hallschent op Aenhéicht gesinn, an där béid Ekippen net allze dacks geféierlech gi sinn. Kuerz virum Säitewiessel huet den Avdullahu awer mat engem schéinen Distanzschoss fir déi Hoffenheimer Féierung gesuergt an de BVB sou fir déi zweet Hallschent ënner Drock gesat. No der Paus huet de Lemperle fir d'TSG erhéicht, ma dono ass Dortmund besser ginn a konnt duerch de Guirassy direkt nees verkierzen. 5 Minutten drop gouf den agewiesselte Silva schéi vum Guirassy an Zeen gesat an de Portugis huet den 2:2 geschoss. De BVB huet sech domat awer net zefridde ginn an huet an der 87. Minutt duerch e Selbstgol vum Hajdari d'Partie tatsächlech nach gedréint. Dobäi sollt et bis zum Schluss bleiwen, soudass Schwaarz-Giel sech mat 3:2 zu Sinsheim duerchsetzt.

No der däitlecher Defaite géint Freiburg huet Bremen sech doheem géint RB Leipzig vun Ufank u besser presentéiert a konnt schonn no 4 Minutten duerch den Dinkci den 1:0 markéieren. RB hat an der Suite däitlech méi vum Ball, wosst am leschten Drëttel awer net vill domat unzefänken. Dat Bild huet sech och am zweeten Duerchgang net verännert, wärend Bremen virum Gol ganz effizient war a gutt 20 Minutte viru Schluss duerch e Kappball vum Füllkrug op 2:0 erhéicht huet. An der 80. Minutt huet de Grüll du mat engem weidere Gol fir d'Decisioun gesuergt. No engem spéide Gol vum Baku setzt Werder sech domat iwwerraschend däitlech mat 3:1 géint RB duerch.

Anescht wéi bei der iwwerraschender Victoire géint Leverkusen um leschte Weekend hat Elversberg zu Mönchengladbach kee gudde Start erwëscht an ass duerch de Bolin fréi a Réckstand geroden. No enger knapper hallwer Stonn konnt den Opsteiger a Persoun vum Mokwa egaliséieren, ma direkt virun der Paus huet de Bolin mat sengem zweete Gol vum Dag d'Borussia nees a Féierung bruecht. No enger knapper Stonn konnt de Scally den 3:1 fir d'Haushäre schéissen, woumat de Match scho bal entscheet geschéngt huet. D'Gäscht hu sech awer net opginn a konnte kuerz drop duerch de Krattenmacher verkierzen, a ronn 10 Minutte méi spéit huet de Keidel per direktem Fräistouss tatsächlech nach den 3:3 markéiert. Ma d'Visiteuren haten nach net genuch, an no engem Konter an der Nospillzäit huet de Krattenmacher mat sengem zweete Gol vum Match d'Partie um Enn zugonschte vum Opsteiger entscheet. No engem weidere geckege Match ass et domat déi 2. Victoire am 2. Match fir d'Ekipp vum Vincent Wagner, dës Kéier mam Score vu 4:3.

Donieft huet Freiburg sech 1:0 beim Opsteiger aus Paderborn behaapt, wärend Leverkusen souverän 4:0 géint Union Berlin gewonnen huet.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO