Nodeems Team Lëtzebuerg schonn an der 16. Saison vum Mario-Kart-8-Championnat den Titel gewanne konnt, ass hinnen dëst an der 19. Saison nees gelongen.

Zënter méi wéi 15 Joer existéiert déi reng lëtzebuergesch Ekipp Team Lëtzebuerg, déi sech haaptsächlech op Nintendo-Spiller fokusséiert huet. Allerdéngs dierft zënter dem Bestoe vun der Ekipp de Mario-Kart-Franchise d'Steckepäerd gewiescht sinn. Esou goufe schonn am Spill Mario Kart Wii eng sëllege Victoiren an Titele gefeiert.

Am Januar 2022 sollt d'Team Lëtzebuerg du fir déi éischte Kéier Champion an der offizieller E-Sports-League vu Mario Kart 8 Deluxe ginn. E Konschtstéck, wat hinnen am November 2022 nach eng Kéier gelénge sollt.

RTL

© MarioKartCentral

Nodeems d'Team Lëtzebuerg sech an der Gruppephas an hirer Grupp souverän als Éischten duerchsetze konnt, huet an der Halleffinall déi franséisch Ekipp No Earth No Life op si gewaart. Mä Team Lëtzebuerg hat keng Problemer sech géint d'Fransousen duerchzesetzen a konnt sech mat zwou klore Victoire (549:435 a 548:436) fir d'Finall qualifizéieren. Do huet mat Yoshi Ganq de Favorit op den Titel gewaart, mä och déi engleschsproocheg Ekipp huet an der Finall de Kierzere géint déi lëtzebuergesch Ekipp gezunn. Um Enn gewënnt Team Lëtzebuerg an dräi Matcher mat 2:1 (542:442, 487:497 a 513:471) géint Yoshi Ganq a kréint sech zum Vainqueur vun der 20. Divisioun am Mario-Kart-8-Deluxe-Championnat.

An der Billergalerie kënnt Dir Iech iwwerdeems nach eng Kéier de geneeën Turnéierverlaaf vun Team Lëtzebuerg ukucken:

Zur beschter Spillerin vun der Divisioun, gouf iwwerdeems d'Spillerin Yasn vun Team Lëtzebuerg gekréint. Am Duerchschnëtt konnt déi jonk Lëtzebuergerin 140,9 Punkte fir hir Ekipp scoren. De Spiller Kiwibomm, deen och d'Faarwe vun Team Lëtzebuerg vertrëtt, ass iwwerdeems de siwentbeschte Scorer an der Divisioun mat enger Moyenne vun 111,5 Punkte ginn.