Andréck vun der Gamescom 2025 zu Köln
Zënter 2009 ginn sech traditionell am August Gaming Fans Rendezvous zu Köln.
D'Gamescom ass déi weltwäit gréisste Foire ronderëm d'Thema Video- a Computerspiller, dëst Joer war se vum 20. bis de 24. August 2025. Op 233.000 Quadratmeter hunn iwwer 1.500 Exposanten aus 72 Länner hir Spiller a Produite viru ronn 357.000 Visiteuren aus 128 Länner präsentéiert.
Lass goung et awer schonn dënschdes mat der „Opening Night Live“, enger Live-Show aus der Event-Hal vun der Koelnmesse mat Spectateuren, awer virun allem Fans, déi dat Ganzt Online per Stream verfollegt hunn. Op der ONL, wéi dës ofgekierzt gëtt, kréien d’Spectateuren een Avant-Goût op dat, wat se op der Gamescom, awer och an deenen Wochen duerno, erwaart. Entwéckler a Publisher wéi Blizzard, TT Games oder och Saber Interactive hunn Trailer vun hiren neiste Wierker als Weltpremière zum Beschte gi. Verschidde Contenuë konnten d’Visiteuren dann di nächst Deeg iwwer op der Gamescom selwer erliewen an austesten, aner, nach méi "geheim" Spiller, ware just fir d'Press zougänglech, an dat och just op Rendezvous.
Nieft deene ville Spiller huet d’Gamescom awer och Musek am Gepäck gehat. Sou konnten d’Fans vun “The Witcher 3: Wild Hunt” de Soundtrack nei erliewen, gespillt vun engem Orchester an der Event-Hal. De Concert am Kader vun dem 10 Joer Jubiläum vum Spill, huet owes statt fonnt, a war Première a Startschoss vun der Tournée.
Wat gouf op der Gamescom virgestallt?
Blizzard huet d’Fans vu „World of Warcraft“ dozou ageluede, Proprietär an Designer vun hirem eegenen Doheem an Azeroth, also der Welt an där d'Spill ofleeft, ze ginn. Vun der neier Erweiderung „Midnight“, déi am Laf vun 2026 erwaart gëtt, krut ee soss keng wieder Abléck, awer d'Besicher vun der Gamescom konnten an der Hal 8 fir 20 Minutten dat neit Housing-Feature probéieren an hirer Kreativitéit fräie Laf loossen.
Capcom huet ënner anerem ageluede fir déi neisten Horror-Experienz an „Resident Evil: Requiem“ (Release: 27. Februar 2026) ze probéieren, déi een zréck a Raccoon City (d'Stad an där scho "Resident Evil 2" an "Resident Evil 3" gespillt hunn) hëlt oder an eng dystopesch futuristesch Welt anzedauchen an hirem neie Sci-Fi Action Aventure „Pragmata“ (Release 2026). Béid Spiller konnt een dann och selwer an der Hal 9 probéieren.
Och méi kleng Nimm ware vertrueden, an dat virun allem an der Indie-Arena. Hei konnt een e Puzzle-Aventure mam Numm „Strange Antiquities” testen, entwéckelt vu BadViking.
Hannert de Kulisse krut d’Press och en Abléck an d’Welt vun “Pioneers of Pagonia”, e Spill wat aus der Fantasie vum Erfanner vun “Die Siedler”, dem Volker Wertich, kënnt. Wien also City-Builder gären huet, dëst mat engem méi spillereschen Design a mat Magie an Zauber, dee sollt hei definitiv era luussen.

Wien éischter eng Simulatioun vum Liewen sicht, fir deen ass "inZOI" de perfekten Titel. Mat moderner Grafik, AI di versicht d’Simulatioun sou echt wéi méiglech ze gestalten, kann een hei Gott spillen an d’Liewen dirigéieren. Dësen Titel kënnt aus de Käpp bei Krafton, déi ee wuel besser kennt duerch "PUBG: Battlegrounds".
Och bei "PUBG" wäert Krafton noleeën, sou erwaart d’Fans hei "PUBG: Blindspot". E "5vs.5 Top down tactical Shooter". Krafton huet sech heibäi eng clever afale gelooss, fir dem Spiller aus der isometrescher Perspektiv ee Shooter ze bidden, an deem een trotz der Vue, net alles gesäit, an d’Siichtfeld duerch verschidde
Faktore berechent gëtt. Sou huet een net ëmmer fräi Siicht, mee och méi dacks een “Blindspot”. En Datum heifir gëtt et nach net.
An den hellegen Halen zu Köln krut een divers Titele vu Lego an Nintendo gebueden, ee vun den Highlights hei war wuel deen neien “Lego Batman: Legacy of the Dark Knight” (Release 2026).
2K hu "Borderlands 4" zum Beschte gi, Release hei ass den 12. September.
Frënn vun "Anno" dierfen och gespaant bleiwen, Ubisoft huet d'Méiglechkeet gebueden "Anno 117: Pax Romana" unzespillen. Wien d'Spill-Serie scho kennt, wäert sech séier eens ginn, wien nei ass, wäert awer genau sou schnell säi Wee an d'Spill fannen. Wéi den Numm et seet, ass de Setting am anticke Roum, an et huet een als Spiller d'Influenz éischter an eng réimech-keltesch oder reng réimech Richtung ze goen. Je no Choix huet een da verschidde Vir- an awer och Nodeeler. Release heifir ass den 13 November 2025, fir PC, PS5 an Xbox.
Exklusiv Andréck fir d'Press
D'Spiller elo all opzeziele géif d’Rumm sprengen, mä e puer Highlights kann een awer nach ernimmen:
IO Interactive, de Studio hannert der "Hitman"-Franchise, schafft un engem Titel mam Numm “007 First Light” an dem een an d’Roll vum James Bond spréngt. Souvill sief gesot: déi éischt Andréck si ganz positiv!
Bei Bandai Namco krut d'Press éischt Andréck vun "The Blood of Dawnwalker". E Spill, dat een als Action-Roleplay-Game bezeechne kann, am 14. Joerhonnert ofspillt, an engem mëttelalterleche Südost-Europa. D'Spill gëtt entwéckelt vu Rebel Wolves a léiert de Spiller, dass net just Suen eng Wärung si mat där ee gutt ëmgoe muss, mä och Zäit!
Mat "Road Kings" brénge Saber Interactive a Focus Entertainment ee Simulator ob de Marché, wou een d'Roll vun engem professionelle Chauffeur klëmmt a Wuere mat sengen eegenen Trucks an Trailer vun A op B transportéieren. Anescht awer wéi bei scho bekannten Truck-Simulatoren ass een hei säin eegene Chef a kann och méi Jobs parallel unhuelen an d'Wueren dann op sengem Camion passend verdeelen an ausliwweren. Zousätzlech gëtt et e Reputatiounssystem, ass een also ëmmer frëndlech an zouverlässeg, a verstéisst net géint Verkéiersreegelen, sou kann et sinn, dass bei engem Stau d'Police engem eng Extrawurscht erméiglecht, an ee laanscht wénkt, fir dass ee seng Liwwerung nach mat Zäit ofschléisst.