Red Bull mat Last-Minute-Presentatioun

© Red-Bull Racing
De Méindeg fänken déi éischt Tester vun der Saison un. Red Bull huet awer eréischt um Sonndeg den neien Auto virgestallt.
Williams huet als éischt Equipe ganz iwwerraschend de 17. Februar den Auto fir d'Saison 2017 virgestallt. Hei fält och direkt op, dass den Heckspoiler vill méi breet an déif ass. Dofir brauch den Auto och eng sougenannten Airbox. Déi optiméiert d'Loftstréimung op den Heckspoiler. Den FW40 huet och eppes, wat een sou nach net gesinn huet: Ee Frontspoiler a V-Form.

© Williams
Sauber huet kuerz no Williams, den 20. Februar, den C36 virgestallt. Et ass ganz kloer d'Zil vun de Konstrukteuren, sech mat hirem neien Auto am Mëttelfeld ze positionéieren. Déi gréissten Ännerung ass wuel d'Faarf, se ass net méi gréng. Nodeems den Haaptsponsor "Banco de Brasil" ofgesprongen war, ass den Auto blo-wäiss ginn. Vun der Aerodynamik huet een ähnlech Weeër ageschloe wéi Williams. Dee gréisste Problem dierft awer weiderhin dee sinn, dass een nach keen eegene Motor huet, an op ee Modell vu Ferrari zeréckgräife muss. Deen ass awer aus der leschter Saison.

© Sauber
Renault huet den 21. Februar, also knapps een Dag no Sauber, den R.S.17 virgestallt. An aggressiver giel-schwaarzer Lackéierung bléist ee béi Renault fir den Ugrëff. D'Zil ass ganz kloer déi 5. Plaz an der Konstruktiounsmeeschterschaft. Och Renault kënnt wéi di aner mat engem V-förmege Frontspoiler. Beim Motor huet een op eng nei Versioun vum V6 gebaut.

© Renault
Force India Den VJM10 soll elo sou gutt sinn, dass een et mat den TOP 3-Teams ophuele kann. Och bei Force India setzt een op déi nämmlecht aerodynamesch Charakterzich wéi scho bei Renault, Williams a Sauber. Beim Motor huet ee sech op bewäert Technik vu Mercedes verlooss. An trotzdem gouf den Auto den 22. Februar viru Mercedes virgestallt.

© Force India
Mercedes huet den 23. Februar hiren neie Sëlwerpfeil zu Silverstone virgestallt. Den F1W08 EQ Power+ weist just wéineg vun deenen neien aerodynamesche Verännerunge vun deenen aneren Equippen op. Et ass een éischter klassescht Design, wat sech d'Konstrukteuren ausgeduecht hunn. Dobäi gouf awer ganz besonnesch op d'Detailer opgepasst, déi den Auto vun der Konkurrenz sollen ofhiewen. Déi kanteg Bargeboards ronderëm d'Cockpit fale besonnesch op.

© AFP-Archivbild
Ferrari huet de 24. Februar säin neie SF70-H virgestallt. Hei gouf et dunn och keng gréisser Iwwerraschunge méi. Den Design ass deem vu Mercedes ganz ähnlech. Et huet ee just e vill méi groussen Heckspoiler. Besonnesch ass, dass de Ferrari fir séier Boxenstopps nei Radschrauwe krut, an dass de V6 Motor mam Hybriddeel komplett iwwerschafft gouf.

© Ferrari
McLaren huet de 24. Februar genau wéi Ferrari den Auto fir d'Saison 2017 virgestallt. Den MCL32 huet wéi seng Konkurrenten eng Cola-Fläsche-Form, déi d'Aerodynamik verbessere soll. McLaren huet ee komplett neie Motor vu Honda kritt, deen nom Size Zero Konzept funktionéiert. Dat heescht, dass den Turbo an de Verdichter getrennt, awer ëmmer nach an der Zylinderbank verbaut sinn. Dat soll de Motor méi zouverlässeg maachen.

© McLaren
De 26. Februar also um Sonndeg goufen direkt 3 Autoen virgestallt. Red Bull, Toro Rosso an Haas F1-Team hunn hir Autoe virgestallt. Am interessantsten dierft awer dee vun Red Bull sinn. Mat dem RB 13 wëll Red Bull onbedéngt mat dem Succès vun der leschter Saison mathalen. Hei hu sech d'Ingenieuren och eppes afale gelooss. Ee Lach am Frontspoiler. Wat genau dat awer elo bréngt, dat wollt een net soen.

© Red-Bull Racing