Formel 1
Tatiana Calderon gëtt Entwécklungspilotin bei Sauber

© Twitter Sauber
Obwuel Fraen an der Formel 1 nach eng Total Ausnahm sinn, huet Sauber sech dofir entscheet, déi 23 Joer al Pilotin als "Development Driver" anzestellen.
Mat 9 Joer huet d'Kolumbianerin mam Rennsport ugefaangen. Aktuell fiert si an der GP3, déi jo och ëmmer op der Formel 1-Weekender aktiv ass. Nieft hirem Cockpit an der GP3 kritt déi jonk Pilotin elo och en Entwécklungscockpit bei engem Formel 1 Team.
Domadder ass d'Tatiana Calderon hirem Dram e grousse Schratt méi no komm. Déi 23 Joer al Sportlerin wëll nämlech an Zukunft bei der Motorsport Kinneksklass un den Depart goen.
Am meeschte gelies