Formel 1 a China
De Lewis Hamilton hëlt sech d'Pole virum Sebastian Vettel

© AFP
De Mercedes-Pilot Lewis Hamilton huet sech am Qualifying vu Shanghai géint de Sebastian Vettel duerchgesat.
Den dräifache Formel-1-Weltmeeschter steet also och beim Grousse Präis vu China, e Sonndeg de Moien 8 Auer eiser Zäit, op der Pole Position an enger Beschtzäit vun 1:31.678 Minutten, virum Sebastian Vettel (+0,186) an op drëtter Plaz de Valtteri Bottas am zweete Mercedes (+0,187).
Fir de Lewis Hamilton ass et schonn déi sechste Pole hannerteneen an déi insgesamt 63. a senger Carrière.
Top 10:
1. Lewis Hamilton
2. Sebastian Vettel
3. Valtteri Bottas
4. Kimi Räikkönen
5. Daniel Ricciardo
6. Felipe Massa
7. Nico Hülkenberg
8. Sergio Perez
9. Daniil Kwjat
10. Lance Stroll
Am meeschte gelies