De Lewis Hamilton gewënnt de Grousse Präis vu China

© AFP
No senger Beschtzäit beim Qualifying zu Shanghai, hat de Lewis Hamilton och an der Course e Sonndeg d'Nues vir.
Direkt hannert dem Mercedes-Pilot ass de Sebastian Vettel ukomm, virun den 2 Red-Bull-Piloten Verstappen a Ricciardo.
Fir de Lewis Hamilton ass et mëttlerweil déi 54. Victoire a senger Carrière an déi Fënneft a China, enger Course, déi him besonnesch ze leie schéngt.
Hamilton a Vettel leien an der WM-Wäertung elo gläich op mat 43 Punkten.
De komplette Ranking:
1. Lewis Hamilton (Mercedes)
2. Sebastian Vettel (Ferrari)
3. Max Verstappen (Red Bull)
4. Daniel Riccirado (Red Bull)
5. Kimi Räikkönen (Ferrari)
6. Valtteri Bottas (Mercedes)
7. Carlos Sainz (Toro Rosso)
8. Kevin Magnussen (Haas)
9. Sergio Perez (Force India)
10. Esteban Ocon (Force India)