An der F1 konnt sech den dräifache Weltmeeschter um Samschdeg de Mëtteg am Qualifying d'Pole Position sécheren.

Beim Grousse Präis vu Spuenien um Sonndeg de Mëtteg fiert also de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton vun der éischter Plaz aus fort, nieft him de Sebastian Vettel op Ferrari.

Plaz 3 ass fir dem Hamilton säin Team-Kolleg Valtteri Bottas.

Um Circuit de Catalunya ass déi éischt Startplaz dacks Gold wäert: Vun de leschte 16 Courssen huet 13 Mol dee gewonnen, dee vun der Pole gestart ass.

Fir den Hamilton ass et déi drëtt Pole an dëser Saison a seng 64. am Ganzen. Domat huet hie just nach eng Manner wéi den Ayrton Senna a fir bei de Rekord vum Michael Schumacher feelen him der nach 4.

2014 ass dem Hamilton bis elo seng eenzeg Victoire zu Barcelona gelongen.