Beim Grousse Präis vun Aserbaidschan steet de Lewis Hamilton zu Baku op der Pole Position, dat virum Valtteri Bottas.

An der zweeter Rei stinn de Kimi Räikkönen an de Sebastian Vettel. Vun de Plaze 5 a 6 fueren de Max Verstappen an de Sergio Perez fort.

Fir de Lewis Hamilton ass et déi 66. Pole Position a senger Carrière. Domat feelen him nëmmen nach 2 Pole Position, fir dem Michael Schumacher säi Formel1-Rekord vun 68 ze egaliséieren. Den Depart ass e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer.

D'Resultater vum Qualifying an der Iwwersiicht:

 L. HamiltonMercedes1:40.593  
2V. BottasMercedes1:41.0270:00.434 
3K. RäikkönenFerrari1:41.6930:01.100 
4S. VettelFerrari1:41.8410:01.248 
5M. VerstappenRed Bull1:41.8790:01.286 
6S. PerezForce India1:42.1110:01.518 
7E. OconForce India1:42.1860:01.593 
8L. StrollWilliams1:42.7530:02.160 
9F. MassaWilliams1:42.7980:02.205 
10D. RicciardoRed Bull1:43.4140:02.821 
11D. KwjatToro Rosso1:43.1860:01.911 
12C. SainzToro Rosso1:43.3470:02.072 
13K. MagnussenHaas1:43.7960:02.521 
14N. HülkenbergRenault1:44.2670:02.992 
15P. WehrleinSauber1:44.6030:03.328 
16F. AlonsoMcLaren1:44.3340:02.351 
17R. GrosjeanHaas1:44.4680:02.485 
18M. EricssonSauber1:44.7950:02.812 
19S. VandoorneMcLaren1:45.0300:03.047 
20J. PalmerRenault-:--.----:--.---