Daniel Ricciardo wënnt de grousse Präis vun Aserbaidschan

© afp
No enger ganz hektescher Course setzt sech um Enn den Daniel Ricciardo virum Valtteri Bottas an dem Lance Stroll duerch. De Vettel kënnt op déi 4. Plaz.
D'Piloten hu sech um Sonndeg beim GP vun Aserbaidschan alles ofverlaangt. Net manner wéi 4 Safety-Car Phase sinn ze notéieren. Donieft hu sech Vettel an Hamilton en spannenden an zum Deel manner sportlechen Zweekampft geliwwert.
De Lewis Hamilton ass beim Start gutt fortkomm, an konnt sou seng Positioun halen. Schonn an der zweeter Kéier huet et eng éischte Kéier geknuppt. Et war de Mercedes-Pilot Valtteri Bottas, dee sech de Frontfligel beschiedegt hat. De Valtteri Bottas huet duerno missen an d'Box fueren.
No enger hektescher Ufanksphas huet sech d'Course no der 10. Ronn berouegt.
Ganz spannend war d'Course fir déi drëtte Plaz. De Max Verstappen huet ëmmer nees versicht laanscht de Sergio Perez ze kommen, dee seng drëtte Plaz awer net sou einfach hierginn huet. An der 11. Ronn huet de Max Verstappen an d'Box gefunkt, datt e Problemer hätt.
No engem Problem um Kvyat sengem Auto ass déi éischt Safety-Car-Phase ugaangen. 5 Ronne méi spéit, an der 17. Ronn gouf d'Course eng weider Kéier duerch de Safety-Car ënnerbrach.
An der 19. Minutt war et en Accident vum Sebastien Vettel. Den Hamilton huet extrem ofgebremst an sou koum et zum Kontakt tëscht deenen 2 Gefierer. Doropshin huet de Vettel den Hamilton vun der Säit getéckt. Béid Gefierer sinn allerdéngs ouni gréisser Schied bliwwen an d'Course konnt normal weidergoen.
De Safety-Car huet an der 20. Ronn alt nees missen op de Circuit. Et war dat deemno déi drëtte Safety-Car-Phase bannent 20 Ronnen.
Duerch déi verschidden Zesummestéiss louche vill Autosdeeler um Circuit. Dofir ass an der 22. Ronn de roude Fändel gewise ginn, wat heescht, datt all d'Piloten nees op d'Ligne de Depart hu misse fueren.
No ronn 20 Minutten Ënnerbriechung ass et du weidergaangen. De Vettel huet direkt probéiert laanscht de Britt Lewis Hamilton ze zéien, deen huet seng Leaderpositioun awer verdeedegt.
An der 25. Ronn huet de Nico Hülkenberg missen opginn, nodeems säin Auto d'Bande touchéiert hat a beschiedegt war. Eng Ronn méi spéit war et och den Out fir de Felipe Massa.
An der 29. Ronn ass d'Drama vum GP zu Baku weidergaangen. Dem Hamilton säi Cockpitschutz huet sech geléist. Doduerch huet den Hamilton missen an d'Box fueren an de Vettel konnt d'Leaderpositioun iwwerhuelen. Nom Virfall Hamilton/Vettel huet d'Direktioun vun der Course dem Vettel eng 10 Sekonne Stop&Go Strof ginn. Duerch déi Strof huet de Vettel och d'Leaderpositioun verluer. Dovunner konnt de Ricciardo profitéieren, deen dunn d'Course ugefouert huet. D'Favoritten Hamilton an Vettel sinn dunn ob de Plaze 6 a 7 gelant. Béid Piloten hu sech ab deem Ament eng hektesch Poursuite geliwwert, bei där de Vettel ëmmer d'Nues liicht vir hat. De Ricciardo konnt iwwerdeems op der Leaderpositioun eng Avance vun iwwert 5 Sekonnen erausfueren.
No 46/51 Ronne war de Vettel op der 4. an den Hamilton op der 5. Positioun. Um Enn ass et fir déi Zwee net duergaang fir sech de Podium nach eng Kéier zréckzehuelen.
Klassement am Iwwerbléck:
1. Daniel Ricciardo (Redbull)
2. Valtteri Bottas (Mercedes)
3. Lance Stroll (Williams)
4. Sebastien Vettel (Ferrari)
5. Lewis Hamilton (Mercedes)
6. Estaban Ocon (Force India)
7. Kevin Magnussen (Haas F1)
8. Carlos Sainz (Toro Rosso)
9. Fernando Alonso (Mc Laren)
10. Pascal Wehrlein (Sauber)
11. Marcus Ericsson (Sauber)
12. Staffel Vandoorne (Mc Laren)
13. Romain Grosjean (Haas F1)
14. Kimi Räikkönen (Ferrari)
15. Sergio Perez (Force India)
16. Felipe Massa (Williams)
17. Nico Hülkenberg (Renault)
18. Max Verstappen (Redbull)
19. Daniil Kvyat (Toro Rosso)
20. Jolyon Palmer (Renault)