Vun der nächster Saison u soll den ëmstriddene Cockpitschutz "Halo" fir méi Sécherheet an der Formel 1 suergen.

Déi international Automobilfederatioun FIA huet dat bei enger Entrevue um Mëttwoch zu Paräis decidéiert.

An Zesummenaarbecht mat de verschiddenen Ecurië soll den Design nach verbessert ginn. Donieft huet et vun der FIA geheescht, dass een an de leschte 5 Joer eng ganz Partie u Modeller entwéckelt a getest hätt an den "Halo" déi bescht Sécherheet géing bidden.

Bei den Ecurië war de Cockpitschutz eigentlech schonn duerchgefall, de Medien no sollen och e Mëttwoch 9 vun den 10 Equippe géint den "Halo" gestëmmt hunn.

Enger Etude vun der FIA no sollen d'Iwwerliewenschancen duerch den "Halo" bei verschiddenen Accidenter ëm 17 Prozent an d'Luucht goen.