Sebastian Vettel mat der Pole Position um Hungaroring

Niewent dem däitsche Fuerer steet säin Teamkolleeg Kimi Räikkönen. Aus der zweeter Réi starten Mercedespiloten mam Valteri Bottas a Lewis Hamilton.
Zum Konto fir den 11. Grand-Prix vun der Saison konnt sech de Sebastian Vettel d'Pole Position sécheren, de Kimi Räikkönen klasséiert sech op déi zweete Plaz.
Aus der zweeter Réi start de Valteri Bottas vun 3 an de Lewis Hamilton vu 4.
Am Generalklassement huet de Sebastian Vettel jo nëmmen nach 1 Punkt Virsprong op de Lewis Hamilton an dermadder dierft et muer alt erëm spannend gi wei déi 2 Weltklassefuerer laanschtenee fannen.

Qualifying:
Sebastian Vettel
Kimi Räikkönen +0.168
Valteri Bottas +0.254
Lewis Hamilton +0.431
Max Verstappen +0.521
Daniel Ricciardo +0.542
Nico Hülkenberg +1.192
Fernando Alonso +1.273