Den Däitsche Sebastian Vettel wënnt um Hungaroring zu Budapest, viru sengem Teamkolleg Kimi Räikkönen. De Bottas gëtt um Enn deen Drëtten.

Déi 70 Tier um Hungaroring ass net extrem vill geschitt. De Vettel konnt d'Course iwwer wäit Strecken dominéieren, a säin Teamkolleg Kimi Räikkönen huet mam Däitsche matgehalen. De Brit Lewis Hamilton huet no enger Poursuite um Enn de Sprong op de Podium just verpasst. Säi Co-Equipier Valtteri Bottas konnt sech déi drëtt Positioun sécheren.

Sebastian Vettel gewënnt um Hungaroring
Onkommentéiert Bildmaterial.

De Sebastian Vettel konnt seng Leaderpositioun beim Start verdeedegen. Hien koum gutt fort grad wéi och säin Teamkolleg Kimi Räikkönen. Ma direkt an der éischter Ronn huet et fir den Daniel Ricciardo op Red Bull net gutt ausgesinn. De Ricciardo ass mat sengem Teamkolleg Verstappen kollidéiert. De jonke Pilot konnt weiderfueren, ma de Ricciardo huet misse stoe bleiwen. De Max Verstappen krut méi spéit an der Kurs eng 10-Sekonne Strof zougeschriwwen. De Safety Car huet eng éischte Kéier missen op de Circuit. Nom Restart konnt den däitsche Sebastian Vettel seng Leaderpositioun nach ëmmer halen.

Bei dëser 11. Course vun der Saison ass den Hungaroring sengem Ruff leider gerecht ginn. Sou hunn d'Spectateure wéineg Iwwerhuelmanövere gesinn.

An der 25. Ronn funkt de Vettel an d'Box, datt säi Steierrad no lénks hänkt. An awer konnt de Vettel mat sengem Teamkolleg Kimi Räikkönen mathalen, a seng Positioun weider verdeedegen.

De Brit Lewis Hamilton op Mercedes huet sech am Laf vun der Kurs no an no no vir geschafft, a konnt du virun der 50. Ronn op déi drëtt Plaz no fir fueren, de Valterri Bottas um zweete Mercedes hat aus der Box de Kommando kritt de Brit laanscht ze loossen. Den Hamilton hat dunn de Räikkönen viru sech. De Finn huet um Sonndeg e ganz souveränen Androck gemaach, ma de Brit Lewis Hamilton huet net labber gelooss, an ass dem Räikkönen op eng knapp Sekonn Réckstand hannendru gefuer.
Déi dräi Éischt an der Course, nämlech Vettel, Räikkönen an Hamilton waren dunn an engem Ecart vu knapp enger Sekonn hannerteneen.
De Kimi Räikkönen war, virun allem an deene leschte Ronnen, e Puffer fir de Sebastian Vettel op der Leaderpositioun. De Lewis Hamilton huet alles riskéiert fir de Räikkönen, an duerno eventuell souguer nach de Vettel, anzehuelen.

Um Enn geet et fir den Däitsche Pilot op Ferrari duer. Mat deem Succès kann hien säin Avantage am Generalklassement ausbauen an huet elo 14 Punkten Avance op den Hamilton. Op déi zweete Plaz zu Budapest kënnt de Kimi Räikkönen, dat virum Valtteri Bottas. Den Hamilton hat op der Ligne d'Arrivée de Bottas nees passéiere gelooss, och dat war e Kommando aus der Box.

No der Course um Hungaroring, wat déi 11. fir dës Saison war, ginn d'Piloten elo an d'Summerpaus.