De Lewis Hamilton wënnt zu Spa-Francorchamps

De Britt Lewis Hamilton gewënnt op der Ardennen-Achterbunn virum Sebastian Vettel an dem Daniel Ricciardo.
Ouni Schwieregkeete konnten sech déi éischt 6 beim Start ofsetzen, de Sebastian Vettel konnt just eng Kéier kuerz op der Héicht vu Les Combes de Lewis Hamilton këddelen.
Déi zwee Éischt vum General Klassement hunn sech dunn och während der ganzer Course net aus den Ae gelooss, wou den Ecart plus minus ëm déi 2 Sekonne variéiert huet.
Schlussendlech ass den Hamilton als éischten iwwert de wäisse Stréch gefuer a mécht de WM-Kampf erëm spannend.

1. Lewis Hamilton
2. Sebastian Vettel
3. Daniel Ricciardo
4. Kimi Räikkönen
5. Valterri Bottas
6. Nico Hülkenberg
7. Sebastien Grosjean
8. Felipe Massa
9. Esteban Ocon
10. Carlos Sainz Jr.