No engem chaoteschem Qualifying ka sech um Enn den d'Pole Positioun sécheren. De Reen zu Monza huet et de Piloten net einfach gemaach.

Virum Depart vum Qualifying huet et immens vill gereent um Circuit vu Monza. Mam Start vum Qualifying huet dann glécklecherweis fir d'Piloten de Reen nogelooss.
Eischt Beschtzäit am Q1 konnt de Britt Lewis Hamilton fueren, déi loung bei 1:40.128. Domat war den Hamilton 2.2 Sekonne méi séier, wéi säin direkte Konkurent Sebastian Vettel.
Am Q1 koum et zu engem Accident vum Romain Grosjean. Den Haas Pilot huet d'Kontroll iwwer seng Maschinn verluer, an ass vun der Piste ofkomm. Duerno ass de Safety Car rausgefuer, an et huet een op d'Decisioun gewaart, ob a wéini de Qualifying weider kéint goen. D'Renndirektioun huet dräi mol de Neistart nees verréckelt, dat huet déi sëlleg Spektateuren op den Tribunen natierlech net gefreet.
No ronn 2 Stonnen Paus ass ëmmer méi dovu geschwat ginn, datt de Qualifying net méi um Samschdeg fäerdeg gefuer gëtt. An deem Fall gëtt en um Sonndeg Moien fäerdeg gefuer. Dëst war 2015 fir d'lescht de Fall.
Déi laang Zäit hu sech d'Pilote ganz ënnerschiddlech verdriwwen. De Sebastian Vettel beispielsweis huet sech senge Supporter gewisen, déi konnten du Fotoe mat hirem Favoritt maachen. De Lewis Hamilton huet a sengem Openthalsraum Computerspiller gespillt, an de Max Verstappen huer sech kuerzerhand eng Fernseh-Camera gekroopt a bësse Kameraman gespillt.
Um 16.30 auer koum dunn d'Nouvelle, datt um 16.40 Auer de Neistart realiséiert ka ginn. No gutt 2 Stonne Paus ass et also awer nees lass gaang. Am Q1 ware nach 13 Minutten 31 Sekonnen iwwreg.
Den éischte vun dräi Qualifying konnt de Valtteri Bottas fir sech entscheeden. Hamilton a Vettel koumen op Plazen 2 an 3.

Den zweete Qualifying wënnt den Hamilton, dee knapps 0.8 Sekonne méi séier war wéi de Vettel.
Um Enn séchert sech de Lewis Hamilton d'Pole Positioun um Circuit vu Monza.
Zweete gëtt de Lance Stroll, virum Ocon an dem Bottas. An der drëtter Rei fiert de Räikkönen an de Vettel.