E Sonndeg de Mëtteg um 14 Auer eiser Zäit gëtt um Marina Bay Street Circuit de Grousse Präis vu Singapur gefuer.

E Samschdeg war de Qualifying vum Grousse Präis vu Singapur, hei konnt sech de Sebastian Vettel op Ferrari d'Pole Position sécheren, dat virun den zwee Red Bull-Piloten Max Verstappen an Daniel Ricciardo. De Leader vum General Lewis Hamilton kënnt mat senger Zäit op déi 5. Plaz.

No der éischter Qualifikatiounsronn missten déi 2 Sauber-Pilote Wehrlein an Ericsson d'Seegele sträichen, derniewent hunn d'Williams-Pilote ronderëm Massa a Stroll et och net an déi nächst Ronn gepackt. De leschte wou sech net fir déi zweet Qualifikatiounsronn qualifizéiere konnt war de Magnussen op Haas.

Am zweeten Tour vum Qualifying war et fir de Romain Grosjean op Haas Schluss, dobäi hunn déi zwee Force India Piloten et net gepackt mam Ocon a Perez. De Kwjat um Toro Rosso an de Palmer vu Renault konnten och no der zweeter Ronn hiren Auto an der Garage parken.

 1Sebastian VettelSebastian VettelDeutschlandFerrari1:39.491m
2Max VerstappenMax VerstappenNiederlandeRed Bull Racing+0.323s
3Daniel RicciardoDaniel RicciardoAustralienRed Bull Racing+0.349s
4Kimi RäikkönenKimi RäikkönenFinnlandFerrari+0.578s
5Lewis HamiltonLewis HamiltonGroßbritannienMercedes+0.635s
6Valtteri BottasValtteri BottasFinnlandMercedes+1.319s
7Nico HülkenbergNico HülkenbergDeutschlandRenault+1.522s
8Fernando AlonsoFernando AlonsoSpanienMcLaren+1.688s
9Stoffel VandoorneStoffel VandoorneBelgienMcLaren+1.907s
10Carlos SainzCarlos SainzSpanienToro Rosso+2.565s

Bei nach 7 Coursen, déi ze fuere bleiwen, ass de Lewis Hamilton de Moment de Leader an der WM-Wäertung.

Hei den Iwwerbléck vum WM-Klassement:

 1GroßbritannienLewis Hamilton238
2DeutschlandSebastian Vettel235
3FinnlandValtteri Bottas197
4AustralienDaniel Ricciardo144
5FinnlandKimi Räikkönen138
6NiederlandeMax Verstappen68
7MexikoSergio Pérez58
8FrankreichEsteban Ocon55
9SpanienCarlos Sainz36
10DeutschlandNico Hülkenberg34