Beim Grousse Präis vu Malaysia fiert de Lewis Hamilton e Sonndeg vun der Pole Position fort. Et ass seng 70. Pole.

De Mercedes-Pilot war am Qualifying dee Séiersten mat 1:30,076 Minutten, dat virum Kimi Räikkönen op Ferrari an dem Max Verstappen op Red Bull.

Fir den Däitschen Sebastian Vettel ass et richteg domm gelaf. Hien krut technesch Problemer um Motor a muss e Sonndeg vun der leschter Positioun starten.