Formel 1 - GP vu Malaysia
De Max Verstappen gewënnt fir Red Bull

© AFP
De Max Verstappen dierf sech beim leschte Grousse Präis vu Malaysia iwwert seng zweet Victoire freeën.
Wann dat kee schéine Kaddo ass! Nëmmen e puer Stonnen no sengem 20. Gebuertsdag huet den Hollänner seng zweet Course gewonnen fir Red Bull gewonnen, dat virum Lewis Hamilton op Mercedes a sengem Co-Equipier Daniel Ricciardo.
De Sebastian Vettel gëtt um Enn nach dee Véierten an de Kimi Räikönen konnt wéinst Motorproblemer mat sengem Ferrari guer net un den Depart goen.
No 15 vun 20 Courssen huet den Hamilton (281 Punkten) seng Féierung an der Tabellespëtzt vun dëser WM weider ausgebaut.
Am meeschte gelies