De Brit war am Qualifying dee Séiersten, virum Bottas an dem Vettel. Ma de Bottas kritt, genee wéi de Räikkönen, nach eng Strof a muss no hannen ...

De Grousse Präis vu Japan gëtt um Sonndeg de Moien um 7 Auer eiser Zäit gefuer.

Am Qualifying zu Suzuka um Samschdeg de Moie war den Hamilton dee Séiersten, virum Bottas, ma well dee 5 Plazen no hannen muss, well en de Motor gewiesselt hat, rëtscht den Drëtten, de Vettel, op Plaz 2 no vir a steet also nieft dem Hamilton an der éischter Rei.

An der zweeter Rei: Ricciardo a Verstappen.

5 Plazen no hanne muss och de Räikkönen, hie fält also vu 6 op 11.

Strofe kréien ausserdeem Alonso a Sainz, esou datt d'Startopstellung nach net ganz definitiv ass ...

1. Lewis Hamilton MER
2. Sebastian Vettel FER
3. Daniel Ricciardo RBR
4. Max Verstappen RBR
5. Valtteri Bottas MER
6. Esteban Ocon FOI
7. Sergio Perez FOI
8. Felipe Massa WIL
9. Fernando Alonso MCL
10. Stoffel Vandoorne MCL

11. Kimi Räikkönen FER
12. Nico Hülkenberg REN
13. Kevin Magnussen HF1
14. Jolyon Palmer REN
15. Carlos Sainz jr. STR
16. Romain Grosjean HF1
17. Pierre Gasly STR
18. Lance Stroll WIL
19. Marcus Ericsson SAU
20. Pascal Wehrlein SAU

An der WM huet den Hamilton jo d'Nues vir, ma de Vettel ass net ouni Chance ...

1. L. Hamilton 281
2. S. Vettel 247
3. V. Bottas 222
4. D. Ricciardo 177
5. K. Räikkönen 138

Mat Japan bleiwen nach 5 Grand-Prixen ze fueren.