Lewis Hamilton start vun der Pole an den USA

© afp
De Lewis Hamilton kënnt mat senger Pole zu Austin dem Weltmeeschtertitel e weidere Schratt méi no. D'Decisioun kann um Sonndeg scho falen.
De Mercedes-Pilot Lewis Hamilton huet an der Nuecht op e Sonndeg beim Qualifying fir de grousse Präis vun den USA senger Konkurrenz nees eng Kéier keng Chance gelooss.
De Brit ass mat enger Zäit vun 1:33,108 Minutten en neie Streckerekord gefuer. Hannert dem Lewis Hamilton ass säi grousse WM-Konkurrent, de Sebastian Vettel (1:33,347) um Ferrari, op déi zweete Plaz gefuer.
Aus der zweeter Rei starten de Valtteri Bottas um zweete Mercedes an den Daniel Ricciardo um Redbull.
De Start vum grousse Präis vun den USA ass e Sonndeg den Owend um 21 Auer eiser Zäit.
Am WM-Duell tëschent dem Lewis Hamilton an dem Sebastian Vettel kann um Sonndeg schonn eng Decisioun falen. Bei nach 4 Coursen, déi ze fuere bleiwen, geet de Brit e Sonndeg den Owend mat engem Virsprong vun 59 Punkten an d'Course. Sammelt den Hamilton am Texas 16 Punkte méi wéi den Däitschen an der 3 méi wéi de Bottas, ass him de WM-Titel net méi ze huelen.
Gewënnt den Hamilton fir d'5. Kéier zu Austin an de Vettel gëtt nëmmen de 6. ass d'Decisioun gefall.
De Lewis Hamilton war bis ewell 2008, 2014 an 2015 Formel 1-Weltmeeschter.
D'Startopstellung vum Grousse Präis vun den USA:
1. Lewis Hamilton Mercedes
2. Sebastian Vettel Ferrari
3. Valtteri Bottas Mercedes
4. Daniel Ricciardo Red Bull
5. Kimi Räikkönen Ferrari
6. Esteban Ocon Force India
7. Carlos Sainz jr. Renault
8. Fernando Alonso McLaren
9. Serio Pérez Force India
10. Felipe Massa Williams