Elo ass da wierklech Schluss: De brasilianesche Formel-1-Pilot Felipa Massa twittert, datt hien no der Saison e Stréch ënnert seng Carrière zitt.

An engem Video erkläert hie seng Decisioun a seet Fans a Sponsore Merci.

De Vizeweltmeeschter vun 2008, deen elo 36 Joer huet, hat schonn d'lescht Joer ugekënnegt opzehalen. Op Demand vu senger Ecurie Williams hat hien awer nach eng Saison dru gehaangen.