An der Formel 1 gouf et quasi all Joer nei Reegelen, mä d'Grid Girls, déi si bliwwen ...

Elo ass awer Schluss mat deene jonke, liicht-bekleete Fraen, déi Reklamm maachen an Tafelen a Prabbelien unhalen.

Vun der nächster Saison u soll et keng Grid Girls méi ginn. Et géif een op de gesellschaftleche Wandel reagéieren. Och am Darts goufen déi Madamme rezent ofgeschaaft.

Déi nei Formel-1-Saison fänkt de 25. Mäerz zu Melbourne un.