Hamilton wënnt a chaotescher Schlussphas

© afp
De Lewis Hamilton wënnt de Grousse Präis vum Aserbaidschan, dat virum Kimi Räikkönen an dem Sergio Perez.
Den Däitsche Sebastian Vettel ass vun der Pole Position aus an d'Course gaangen. Beim Start konnt dëse seng Spëtzepositioun och verdeedegen. Et gouf um Circuit awer och direkt an der éischter Ronn e puer Kollisiounen. De Kimi Räikkönen an den Ocon waren uneenee geroden a fir den Ocon war d'Course dunn och schonns eriwwer. D'nämmlecht de Sirotkin, dee konnt och schonns fréi aus sengem Cockpit klammen. Dowéinst ass och schonns direkt de Safety-Car op d'Streck komm.
Iwwerdeems konnten déi zwee Renault, de Sainz an den Hülkenberg déi zwee Red Bull iwwerhuelen. Ma schonns kuerz dono huet den Hülkenberg d'Mauer geroden an domat war och fir hien d'Course gelaf an esou konnten de Verstappen an de Ricciardo, déi sech géigesäiteg bekricht hunn, nees eng Plaz gutt maachen.
De Lewis Hamilton huet lues a lues Zäit gutt gemaach op de Vettel, ma do ass dem Brit ee Feeler ënnerlaf an hien huet missen an d'Box. Esou huet hien och déi zweet Positioun u säin Teamkomerod, de Valtteri Bottas verluer.
De Finn konnt dunn och méi spéit d'Féierung vun der Course iwwerhuelen, dat deen Ament, wou de Sebastian Vettel an d'Box gefuer ass.
An der 41. vun 51 Ronne war du Schluss fir béid Red Bullen. De Ricciardo wollt säin hollänneschen Teamkomerod iwwerhuelen, dee wollt dëst awer evitéieren, mee deen Ament ass de Ricciardo dem Hollänner dunn awer hannendrop gerannt an esou war d'Course fir béid Piloten eriwwer.
Dëst huet och mat sech bruecht, dass et nees eng Safety-Car-Phas gouf. Vun dëser konnt dunn de Bottas profitéieren, fir an d'Box ze goen an esou un der Spëtzt ze bleiwen.
An der Safety-Car-Phas ass dunn nach de Romain Grosjean an d'Mauer gerannt, esou dass de Safety-Car nach méi laang op der Streck huet misse bleiwen, deemno waren net méi vill Ronnen ze fuere fir de Bottas un der Spëtzt.
Wéi et dunn nees lassgaangen ass, wollt de Vettel sech un d'Spëtzt setzen, mee dat ass esou richteg an d'Box gaangen, well hien huet sech verbremst an ass op déi 4. Plaz zeréckgefall.
Nach war et awer net gelaf, well de Bottas hat op eemol ee Platten, esou konnt den Hamilton d'Féierung iwwerhuelen.
Iwwerdeems ass beim Vettel och net méi vill gaangen an esou konnt de Perez hien nach iwwerhuelen, fir sech déi lescht Plaz um Podium ze sécheren.