De Brit fiert vun der Pole op déi éischte Plaz. D'Positioun 2 geet un de Valtteri Bottas op Mercedes, d'Plaz 3 ass fir de Max Verstappen op Red Bull.

Beim Grousse Präis vu Spuenien gewënnt de Lewis Hamilton mat sengem Mercedes virum Valtteri Bottas a Max Vestappen.

Direkt beim Start koum et zu engem Crash mat Safety-Car-Asaz. An der 2/3 Kéier verléiert de Romain Grosjean d'Kontroll iwwert säi Gefier a lant am Géigeverkéier, wou den Nico Hülkenberg an de Pierre Gasly net auswäiche kënnen an de Grosjean ze pake kréien.

Out fir de Romain Grosjean

Nieft dem Crash, geléngt dem Sebastian Vettel mat engem Iwwerhuelmanöver laanscht de Valtteri Bottas ze kommen a soumat op déi 2. Plaz no vir ze fueren. Ma am Tour 42 mécht den Däitschen eng schlecht Operatioun, wiesselt wärend dem virtuellem Safety-Car d'Pneuen, verléiert duerch een ze luese Pit-Stop zwou Positiounen a fält hannert de Max Verstappen zeréck. De Vettel konnt d'Lach op de Verstappen net méi zoufueren a muss sech mat der ondankbarer 4. Plaz zefridde ginn.

Ze luese Pit-Stop vum Sebastian Vettel

Grad wéi den Esteban Occon an der 41. Ronn, huet och de fréiere Weltmeeschter Kimi Räikkönen fréizäiteg misste mat sengem Ferrari an d'Box fueren - wéinst technesche Problemer war et den Out fir de Finn an der Ronn 25.

Klassifikatioun GP Barcelona

Duerch dem Lewis Hamilton seng Victoire wiisst d'Avance am Generalklassement op 17 Punkte virum Sebastian Vettel an op 37 Punkte virum Valtteri Bottas.