Ricciardo séchert sech zu Monaco d'Pole Position virum Vettel
Um Samschdeg ass d'Qualifikatioun fir de Grousse Präis vu Monaco gefuer ginn.
Op beandrockend Aart a Weis fiert den Daniel Ricciardo beim Grousse Präis vu Monaco op déi éischte Plaz. Hien huet ee Streckerekord nom aneren op de Circuit bruecht a kroopt sech soumat verdéngt déi wuel wichtegst Pole vun der Saison. Zweete gëtt de Sebastian Vettel op Ferrari an op déi drëtte Plaz fiert de Lewis Hamilton mat sengem Mercedes.
Pole Position fir den Daniel Ricciardo
De Red-Bull-Pilot Max Verstappen ass an der leschter Trainingsronn virum Qualifying gecrasht a konnt soumat net un der Qualifikatioun deelhuelen.
Misär fir de Max Verstappen: Crash kuerz virum Qualifying.
De Streckerekord vum Circuit zu Monaco knackt de Ricciardo mat engem Chrono vun 1:10,810.
Den Depart vun der Course ass e Sonndeg de Mëtteg um 15.10 Auer.
Am WM-Klassement huet de Lewis Hamilton un der Spëtzt den Ament eng Avance vu 17 Punkten op de Sebastian Vettel a 37 op de Valtteri Bottas.