Vun der Saison 2019 u geet eng Ära vun 12 Joer op en Enn. Red Bull ass ëmmer mat Renault-Motore gefuer. Elo wiessele se dann awer bei de Konkurrent Honda.

Deen Deal ass elo mol op 2 Joer ugesat.

De Christian Horner huet um Dënschdeg de Moien dësen Deal als Start vun enger neier, opreegender Phas annoncéiert. Et wéilt een net just ëm Victoiren an de Coursë fueren, ma och ëm de WM-Titel.

De Wiessel vum Motor-Lieferant hat sech scho méi laang ugedeit. Zanter dëser Saison fiert schonn d'Duechterteam Toro Rosso mam Honda-Motor. Et wier ee begeeschtert vum Engagement vum japaneschen Team.