Valtteri Bottas iwwerraschend op der Pole Position

© AFP
Um Samschdeg war zu Spielberg um Red Bull Ring d'Qualifikatioun fir de Grousse Präis vun Éisträich an der Formel 1.
Nodeems de Lewis Hamilton an de Sebastian Vettel d'Traininger an de leschte Deeg dominéiert hunn, konnt sech um Samschdeg am Qualifying de Valtteri Bottas op Mercedes duerchsetzen. Säin Teamkolleg Lewis Hamilton geet e Sonndeg vun der 2. Plaz an d'Course. An der zweeter Startrei sti béid Ferrari-Piloten Sebastian Vettel a Kimi Räikkönen. De Max Verstappen op Red Bull an de Romain Grosjean op Haas F1 konnte sech déi 5. a 6. Plaz sécheren.
Opgrond vun ze luesem fueren, woumat de Sebastian Vettel de Carlos Sainz behënnert huet, krut den Däitschen nodréiglech eng Strof vun 3 Plazen a Start e Sonnden net vun der 3. mee vun der 6. Plaz. De Kimi Räikkönen, Max Verstappen a Romain Grosjean rutschen also alleguer eng Plaz no vir.
D'Course ass e Sonnden um 15.10 Auer.