E Sonndeg huet de Max Verstappen de Grousse Präis vun Éisträich gewonnen. De Lewis Hamilton huet en schwaarzen Dag erwëscht.

No 71 Ronne wënnt de Max Verstappen virun den zwee Ferrari-Piloten Kimi Räikkönen a Sebastian Vettel. De Vettel iwwerhëlt domat d'Féierung an der Weltmeeschterschaft, hien huet een Punkt Avance op den Hamilton. De Weltmeeschter ass kuerz virum Enn vun der Course wéinst engem technesche Problem ausgescheet.

De Resumé vun der Course

De Valtteri Bottas war vun der Pole Position aus an d'Course gaangen, mee hie konnt beim Start seng Spëtzepositioun awer net verdeedegen. De Finn hat ee ganz schlechte Start erwëscht an esou konnt sech de Lewis Hamilton un d'Spëtzt setzen. De Sebastian Vettel war direkt beim Start ëm e puer Plazen no hanne gefall, ma den Däitsche konnt sech séier nees no vir schaffen. Un der Spëtzt gouf et an den éischte Ronnen ee richtege Kampf ëm d'Féierungspositioun. Den Hamilton konnt sech déi dunn awer sécheren an huet sech e Virsprong op d'Konkurrenz eraus gefuer.

No engem Motorschued an der 12. Ronn huet dem Nico Hülkenberg säin Auto hanne Feier gefaangen an den Däitschen huet missen opginn.

An der 15. Ronn war du Schluss fir de Bottas, wéinst engem Defekt um Auto ass de Mercedes-Pilot ausgefall, esou dass de Verstappen déi zweet Plaz iwwerhuele konnt.

Nom Out vum Bottas huet de Safety Car missen erauskommen. Red Bull an Ferrari hunn dës Situatioun genotzt, fir an d'Box ze fueren. Den Hamilton huet dat eréischt 10 Ronnen méi spéit gemaach, wat ee Feeler sollt sinn. De Max Verstappen, den Daniel Ricciardo an de Kimi Räikkönen hunn en nämlech iwwerholl.

E weideren Top-Fuerer huet an der 54. Ronn missen aus dem Auto klammen. Wéinst engem Schued um Auto ass et fir den Daniel Ricciardo net méi weidergaangen.

No der falscher Strategie ass et an der 65. Ronn nach méi batter komm fir de Lewis Hamilton. De Weltmeeschter huet wéinst technesche Problemer säin Auto missen stoe loossen.

Um Enn wënnt de Max Verstappen virun den zwee Ferrari-Piloten Kimi Räikkönen a Sebastian Vettel. De Vettel iwwerhëlt domat d'Féierung an der Weltmeeschterschaft, hien huet ee Punkt Avance op den Hamilton.