De Lewis Hamilton séchert sech d'Pole Position

© AFP
Beim Qualifying fir de Grousse Präis vu Groussbritannien war den aktuellen Weltmeeschter de Beschten an huet dobäi een neie Streckerekord opgestallt.
Nodeems de Sebastian Vettel op Ferrari sech eréischt de leschte Weekend un d'Spëtzt vun der WM setze konnt, huet de Lewis Hamilton op Mercedes d'Traininger déi lescht Deeg, esou wéi och de Qualifying um Circuit vu Silverstone dominéiert. Den Hamilton séchert sech d'Pole Position virum Sebastien Vettel. Bei sengem Heem-Grand-Prix ass den Hamilton determinéiert de Sebastian Vettel virun den Aen vu senge Fans am Ranking erëm anzehuelen. Den Hamilton huet dës Course vun 2014 un all Joer gewonnen, dovunner déi lescht 3 Joer all Kéier vun der Pole.
Vun der 3. an der 4. Plaz starten de Kimi Räikkönen op Ferrari an de Valteri Bottas op Mercedes. D'Red-Bull-Piloten Max Verstappen an Daniel Riciardo kommen ob déi 5. a déi 6. Plaz.
D'Course ass e Sonndeg um 15 Auer eiser Zäit.