Um Circuit Hungaro zu Budapest an Ungarn konnt de Lewis Hamilton op d'Pole Position fueren. Op déi 2. Plaz kënnt de Bottas, 3. gëtt de Räikkönen.

De 4.381 Meter laange Circuit Hungaro an Ungarn hat et a sech - och bedéngt duerch déi héich Temperaturen de ganze Weekend iwwer. Mat enger gudder Leeschtung vum Sebastian Vettel a sengem Ferrari beim Training um Freideg, goung den Heppenheimer um Samschdeg als Favorit an Qualifikatiounsronnen. Den Däitschen hat dem aktuell éischten am WM-Klassement Lewis Hamilton 3 Plazen ewechgeholl, dat, well de Brit iwwer eng hallef Sekonn méi lues ënnerwee war.

Onerwaart war awer kuerz virum Qualifying Reen opkomm, deen esou munchen Ekippen e Stréch duerch d'Taktik gemaach hat. Just Ferrari hat eng gutt Affär gemaach. Si hunn de Vettel nämlech mat Intermediate-Pneuen op de Circuit gelooss, wat dem Däitsche Virdeeler an der Nätzt beschaf hat.

Ma de Reen sollt awer vu Minutt zu Minutt zouhuelen an déi 1. prominent Afferen waren am Q2 ausgescheet - dorënner och den Daniel Ricciardo (Red Bull), Nico Hülkenberg (Renault) a Fernando Alonso (McLaren). Schliisslech war et Mercedes, déi wuel déi beschte Strategie vir dëse Qualifying gewielt haten. Si hu laang gewaart an d'Pneue spéit gewiesselt, esou datt si géint der Enn hin déi beschte Ronnenzäite fuere konnten.

D'Pole ass deemno fir de Lewis Hamilton, hannert hie koum säin Teamkolleg Valtteri Bottas an déi 3. Plaz war fir de Kimi Räikkönen op Ferrari.