An der Formel 1 gëtt et e Wiessel am Cockpit vu McLaren. De Carlos Sainz Junior soll säi Landsmann Fernando Alonso do ersetzen.

Den 23 Joer ale Fils vun der Rallye-Legende Carlos Sainz ass den Ament vu Red Bull u Renault ausgeléint. De Fernando Alonso huet jo rezent säi Récktrëtt annoncéiert.